lëtzebuergesche Film vum Félix Koc From Wikipedia, the free encyclopedia
De Superjhemp retörns ass e lëtzebuergesche Spillfilm vum Félix Koch, deen am Fréijoer 2017 gedréint gouf[1], den 19. Oktober 2018 seng Avant-première hat an de 24. Oktober 2018 an de Kino koum[2]. E baséiert op de Personnagen aus der Comic-Serie Superjhemp vum Roger Leiner a Lucien Czuga.
Film | |
---|---|
Produktiounsland |
Lëtzebuerg, Belsch |
Produktiounsjoer | 2017-2018 |
Première | 24. Oktober 2018 |
Dauer | 140 min. |
Originalsprooch | Lëtzebuergesch |
Ekipp | |
Regie | Félix Koch |
Dréibuch | Félix Koch an Thierry Faber, no de BDe vum Roger Leiner a Lucien Czuga |
Fotografie | Dylan E. Thompson |
Musek | Félix Raffel |
Schnëtt | Paul Maas |
Produzent | Claude Waringo, Raoul Nadalet, Patrick Quinet, Claude Kongs |
Produktiouns- gesellschaft |
Samsa Film Artémis Productions |
Schauspiller | |
André Jung als Charel Kuddel Désirée Nosbusch als Félicie Kuddel-Fleck Etienne Halsdorf als Metty Luc Feit als Léandre Schrobiltgen Jules Werner als Avant-Premier Brettel Jules Waringo als Prënz Luc Henri Losch als Haffmarschall Jean-Paul Maes als Erni Tendo Julie Kieffer als Tanja Trajet Tommy Schlesser als Tom Jitée Adèle Wester als Jill Fabienne Hollwege als Léonie Lamesch Sophie Mousel als Félicie Fleck (jonk) Konstantin Rommelfangen als Charel Kuddel (jonk) Roland Gelhausen als Mike Marcel Heintz als Krécher Christian Kmiotek als Kloor-Rosen | |
Filmportal - Filmer no Joren - Film no Länner - Film no Genre |
De Prënz Luc soll an e puer Deeg zum Klengherzog vu Luxusbuerg gekréint ginn. Houfreg gëtt seng zukünfteg Kroun an enger Ausstellung zu 100 Joer Monarchie ausgestallt. Ma do verschwënnt op eemol, duerch e sophistikéierten elektronesche System, deen e Schwaarzt Lach provozéiert huet, d'Hallschecht vun der Kroun. D'Police steet virun engem Rätsel. De Prënz Luc proposéiert dofir, de Superjhemp, vun deem ee jorelaang näischt méi héieren hat, erëmzefannen an ëm Hëllef ze bieden...
Den Regisseur Andy Bausch hat schonn ëm d'Joer 2000 zesumme mam Lucien Czuga en Dréibuch fir d'Verfilmung vum Superjhemp-Comic geschriwwen. Den Thierry van Werveke hätt sollen d'Titelroll spillen. Mee well de Lëtzebuerger Filmfong eng finanziell Ënnerstëtzung fir d'Filmproduktioun refuséiert huet, ass de Projet am Sand verlaf.[3][4][5]
D'Produktiounsgesellschaft Samsa Film krut am September 2015 e Subside an Héicht vu 60.000 Euro vum Lëtzebuerger Filmfong accordéiert fir d'Dréibuch vum Film ze entwéckelen.[6] Den Aarbechtstitel war dunn nach Superjhemp et fils.[6] Duerno krut se nach e weidere Subside vun 2.564.998 Euro fir de Film ze produzéieren.[7]
De Film gouf ë. a. am Schlass Siwebueren an an de Büroe vun RTL gedréint.
Als Marketing-Gag hu verschidde Firmen, wéi de Film erauskoum, d'Opschrëfte mat hiren Nimm (op Gefierer, Butteker oder Produkter) deelweis duerch déi parodistesch Versioun ersat, déi s'am Superjhemp kruten.[8],[9]
Bis Mëtt Dezember 2018 waren iwwer 50.000 Leit de Film an de Kino kucken. Domat huet De Superjhemp retörns de Rekord vum lëtzebuergesche Film mat deene meeschten Zuschauer gebrach, a gouf och den Nummer 1 am Box-Office 2018 zu Lëtzebuerg.[10] Uganks Mäerz 2019 war d'Zuel vun de Spectateuren op 60.000 geklommen.[11]
De Film ass am November 2019 op Blu-ray an DVD erauskomm.
De Superjhemp retörns gouf um Lëtzebuerger Filmpräis 2021 mam Präis fir dee beschte lëtzebuergesche Laangfilm ausgezeechent.[12]
Am Band 11 Superjhemp - Aktioun Réiserbunny aus dem Mäerz 1998 ass an enger Geschicht - knapps 30 Joer ier de Film erauskoum - schonn e Filmplakat "Superjhemp - De Film" ze gesinn[13].
Commons: De Superjhemp retörns – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.