franséischt Departement From Wikipedia, the free encyclopedia
De Finistère (29) ass e franséischt Departement an der Regioun Bretagne. Op Bretonesch ass säin Numm Penn-ar-Bed
Dëse Geographiesartikel iwwer Frankräich ass eréischt eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Finistère (29) | |
---|---|
Regioun | Bretagne |
Prefecture | Quimper |
Ënnerprefecture | Brest Châteaulin Morlaix |
Bevëlkerung | 852 418 Aw.(1999) |
Fläch | 6 733 km² |
Arrondissementer | 4 |
Kantonen | 54 |
Gemengen | 283 |
D'Departement gouf wéi déi aner 82 Departementer, wärend der franséischer Revolutioun, de 4. Mäerz 1790, an Applikatioun vum Gesetz vum 22. Dezember 1789, geschaf. Et setzt sech zesummen aus engem Deel vun der fréierer Provënz Bretagne.
De Finistère ass dat westlechst Departement vu Frankräich, a grenzt am Norden, Westen, a Süden un den Äermelkanal an den Atlantik. Am Oste stéisst un d'Côtes d'Armor an de Morbihan.
D'Längt vu senger Küst ass 1.250 km, wat ongeféier engem Véirel vun der Küstelängt vu ganz Frankräich entstprécht. Den Deel vum Mier deen am Weste vum Finistère läit gëtt Mer d'Iroise genannt. Dozou gehéieren en ettlech Insele wéi Ouessant, den Archipel de Molène, d'Île de Sein, déi virun der Pointe du Raz leien, an am Süden den Archipel des Glénan.
De Finistère huet en temperéiert ozeanescht Klima, dat vum Nordatlantikstroum beaflosst gëtt. D'Wänter sinn am grousse Ganze mëll, an d'Summere si frësch. D'Reenperiode sinn iwwer d'ganzt Joer verdeelt, et reent awer méi am Hannerland, an op den Héichten, wéi op der Küst. De Frascht ass rar, awer mat Wand ass ëmmer ze rechnen.
Commons: Finistère – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.