Mier
From Wikipedia, the free encyclopedia
Remove ads
D'Mier ass e salzegt Gewässer dat ronderëm d'Kontinenter fléisst. 70 % vun der Äerd si vu Mierer bedeckt.
![]() |
Dëse Geographiesartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
![]() |
Dësen Artikel beschäftegt sech mat dem Gewässer. Fir d'weiblecht Päerd, kuckt wgl. Päerd. |

Déi gréisst Mierer ginn och Ozean genannt.
Remove ads
Salzgehalt vum Mierwaasser
D'Mierwaasser ass salzeg, well Mineraler dra sinn, déi am Laf vu Joermillioune vun de Flëss an d'Mier transportéiert goufen. Dat heefegst Salz am Mier ass den Natriumchlorid. Mä et fënnt een och aner léislech Mineraler, wéi z. B. Sulfat, Calcium a Magnesium. Den normale Salzgehalt vum Mier läit bei 3,5 %.
De Buedem vum Mier
De Buedem vun de Mierer besteet aus Bierger, déi bei wäitem méi grouss si wéi déi op der Landuewerfläch. Si gi mëttelozeanesche Réck genannt. Hei quëllt Magma aus der Äerd eraus a gëtt fest. Sou entsteet neie Mieresbuedem. Duerch déi Vergréisserung vum Mieresbuedem ginn d'Vulkaner, déi iwwer den Hot Spots entstane sinn, ëmmer méi wäit ewech vun hire Magmaquellen an erläschen. Mat der Zäit gi si ofgedroen a verschwannen zeréck am Mier. Déi bis ënner de Mieresspigel ofgedroe Vulkaner bilden Ënnerwaasserbierger.
Remove ads
Déi verschidde Mierer
Et ënnerscheet ee follgend Ozeaner:
- den Arkteschen Ozean (Nordpolarmier)
- den Atlanteschen Ozean (Atlantik)
- den Indeschen Ozean (Indik)
- de Pazifeschen Ozean (Pazifik)
- de Antarkteschen Ozean (Südpolarmier)
an hir Niewemierer. Zu hinne gehéieren ënner anerem:
- d'Chineesescht Mier
- d'Japanescht Mier
- d'Karibescht Mier
- d'Nordmier (oder -séi)
- d'Baltescht Mier (Ostséi)
- d'Mëttelmier
- d'Schwaarzt Mier
- d'Rout Mier
- d'Gielt Mier
Déi fënnef gréisst Mierer
Remove ads
Um Spaweck
![]() |
Commons: Mier – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Wikiwand - on
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Remove ads