École d'hôtellerie et de tourisme du Luxembourg

Hotels- an Tourismusschoul zu Dikrech From Wikipedia, the free encyclopedia

Remove ads

D'École d'hôtellerie et de tourisme du Luxembourg bis 2018 Lycée technique hôtelier Alexis-Heck, am Volleksmond Hotelsschoul genannt, steet zu Dikrech an der Joseph Merten-Strooss.

Geschicht

An der Chambre de commerce gouf 1937 doriwwer nogeduecht, e speziellen Enseignement fir Hotelsberuffer anzeriichten. Nom Krich gouf op d'Initiative vum SACOL (Syndicat des aubergistes, cafetiers et hôteliers organisés du grand-duché de Luxembourg) hin 1947 eng Hotelsschoul opgemaach, an dat an Zesummenaarbecht mat der Stad Dikrech a mam Unterrechtsministère.

D'Coursen hunn de 6. Mäerz 1950 mat siwe Schüler an dräi Enseignanten ugefaangen, an engem Sall vun der deemoleger Meederschersprimärschoul.

Am Ufank waren do just 40 Schüler zougelooss. 1967 ass d'Zuel vun de Schüler op 80 verduebelt ginn, an d'Joer drop nach eng kéier ëm d'Hallschent op 120 gehéicht ginn. 1974 gouf d'Decisioun geholl, en neit Schoulgebai ze bauen; dëst konnt 1984 ageweit ginn.

1979 gouf d'Hotelsschoul nom Dikrecher Hotelier an Tourismuspionéier Alexis Heck genannt (Lycée technique hôtelier Alexis-Heck).

2006 waren am LTHAH 300 Schüler ageschriwwen.

Am Mäerz 2018 gouf, fir de Schoulufank 2018/19, eng Ännerung vum Numm an École d'hôtellerie et de tourisme du Luxembourg decidéiert. Nieft dem neien Numm soll och déi schoulesch Offer ausgebaut ginn[1],[2]. Am September 2021 gouf bekannt, datt eng Annex vun der Hotelsschoul am Suessemer Schlass opgoe géif[3][4]. Well d'Renovéierungsaarbechte vum Schlass awer méi laang daueren, gouf d'Decisioun geholl, fir d'Schoul vum September 2025 un an enger Iwwergangsphas am GRIDX-Komplex zu Wickreng anzeriichten, bis d'Schlass zu Suessem renovéiert a benotzbar ass[5].

Remove ads

Soss

Eppes Besonnesches war de Restaurant "An der Léier", wou een donneschdes a freides déi Platen iesse konnt, déi vun de Schüler preparéiert goufen. Duerch d'Ausbildungsreform huet dee Restaurant missen zoumaachen.

Direkteren

  • Roland Lacaf (1978-1991)
  • Louis Robert (1991 bis 2011)
  • Elisabeth Reisen (2011-2016)[6]
  • Michel Lanners (zanter 2017)

Kuckt och

Um Spaweck

Referenzen an Notten

  1. (de) Hotelschule zieht in Suessemer Schlass ein. Luxemburger Wort - Deutsche Ausgabe (10.09.2021) Archivéiert den 13.09.2021. Gekuckt den 13.09.2021.
  2. (fr) Commune de Sanem, Nouvelle affectation du Château de Sanem. www.suessem.lu (10.09.2021). Gekuckt den 13.09.2021.
  3. (de) Hotelschule eröffnet zweiten Campus in Wickringen. Luxemburger Wort (23.12.2024). Gekuckt den 23.12.2024.
  4. Kurschat, Ines, 2016. Nach vier turbulenten Jahren will die einzige Hotelschule im Land wieder durchstarten. Dafür braucht sie dringend eine Schulleitung. Mit neuer Kraft. d'Lëtzebuerger Land Nr. 25 vum 17. Juni 2016, S. 7.
Remove ads
Loading related searches...

Wikiwand - on

Seamless Wikipedia browsing. On steroids.

Remove ads