From Wikipedia, the free encyclopedia
Moldawesch (Laténgescht Alphabet: limba moldovenească, Kyrillescht Alphabet: лимба молдовеняскэ) ass eng standardiséiert Varietéit vun der rumänescher Sprooch,[1] déi wärend der Sowjetunioun a vun 1994 bis 2013 als offiziell Sprooch vun der Republik Moldawien festgeluecht war.[2] Zanterdeems ass Rumänesch déi offiziell Sprooch vu Moldawien.[3]
Moldawesch limba moldovenească | |
---|---|
Gëtt geschwat an: | Ukrain, Rumänien |
Regioun: | Europa |
Gëtt geschwat vun: | ronn 2,5 Milliounen a Moldawien |
Klassement: | ? |
Klassifikatioun no Famill: | Indogermanesch
|
Offizielle Status | |
Offiziell Sprooch vun: | Transnistrien |
Reglementéiert vun: | Wëssenschaftsakademie vu Moldawien (fir dat Rumänescht) |
Sproochcoden | |
ISO 639-1 | mo |
ISO 639-2 | mo1 |
ISO 639-3 | {{{iso3}}} |
Déi meescht Linguiste gesinn d'Moldawescht awer net als Sprooch, mä just als Dialekt vum Rumäneschen. Anerer dogéint plädéiere fir de Statut vun enger richteger Sprooch, well am Moldawesche vill Aflëss vum Russeschen ze fanne sinn, wat beim Standardrumänesch guer net de Fall ass. D'Bezeechnung Kulturdialekt trëfft et an dësem Fall wuel nach am beschten.
Bis 1989 ass d'Moldawescht mam kyrilleschen Alphabet geschriwwe ginn. Duerno ass déi rumänesch Variant vum laténgeschen Alphabet offiziell an der moldawescher SSR agefouert ginn, mä ganz vill Moldawier hunn d'Kyrillescht trotzdeem bäibehalen (cf. moldawesch Wikipedia) an am Separatistenterritoire Transnistrien ass et souguer offiziell bäibehale ginn.
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.