Naturschutzgebitt zu Lëtzebuerg From Wikipedia, the free encyclopedia
Deiwelskopp ass en Naturschutzgebitt an der Gemeng Rouspert-Mompech. Am Hank iwwer der Sauer nord-westlech vun der Uertschaft Méischdref erstreckt sech e variéiert Gebitt mat kallekhaltegen Hallefdréchewisen, wouvu 60,98 ha zanter dem 2. Abrëll 2004 ënner Naturschutz stinn. Kondenséiert Loftfiichtegkeet, déi am Wanter heiansdo aus de Buedemfoue quëllt an am Volleksmond als Damp aus der Häll ugesi ginn ass, huet der Kopp hiren Numm ginn.[1]
Land | Lëtzebuerg |
---|---|
Fläch | 60,98 ha |
Nationalcode | PS 03 |
Koordinaten | 49°44'54,56"N, 6°29'43,91"O |
Status | Geschützt Zon vun nationalem Intressi |
Geschützt zanter | 2. Abrëll 2004 |
Op der Deiwelskopp huet d'Fondation Hëllef fir d'Natur mat der Gemeng Mompech an der Ënnerstëtzung vu Source Rosport am Joer 1996 en Orchideeëléierpad amenagéiert. De Pad, op deem d'Orchideeën an d'Heckeplanze mat Stiechetikette markéiert sinn, ass op engem Deelstéck vum Méischdrëffer Circuit Auto-pédestre (117) ugeluecht a féiert als Sakgass op eng Orchideeëwiss vun der Fondation Hëllef fir d'Natur. De Pad ass am interessantste wärend der Bléi tëscht Mëtt Mee an Enn Juni. Mëtt Juni 2006 ass de Pad erneiert ginn.
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.