franséisch Schauspillerin From Wikipedia, the free encyclopedia
D'Stéphane Audran, gebuer als Colette Suzanne Jeannine Dacheville den 2. November 1932 zu Versailles, a gestuerwen de 27. Mäerz 2018 zu Paräis, war eng franséisch Schauspillerin, déi an iwwer 100 Filmer matgespillt huet.
Stéphane Audran | |
---|---|
Gebuertsnumm | Colette Suzanne Jeannine Dacheville |
Gebuer |
8. November 1932 Versailles |
Gestuerwen |
27. Mäerz 2018 Neuilly-sur-Seine |
Nationalitéit | Frankräich |
Educatioun | Cours Simon |
Aktivitéit | Lauschterbuchspriecher, Filmschauspiller |
Famill | |
Bestuet mat | Claude Chabrol, Jean-Louis Trintignant |
Kanner | Thomas Chabrol |
D'Stéphane Audran ass a Schauspillercourse beim Charles Dullin, Tania Balachova, Michel Vitold a René Simon gaangen. Ënner dem Claude Chabrol, mat deem si vun 1964 bis 1980 bestuet war, huet si eng ganz Partie Filmer gedréint. Nieft dem Claude Chabrol huet si awer och Filmer mat Regisseure wéi Luis Bunuel, Samuel Fuller, Claude Sautet a Bertrand Tavernier.
Si ass d'Mamm vum Schauspiller Thomas Chabrol.
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.