Agence pour le développement de l'emploi

Verwaltung vum lëtzebuergesche Aarbechtsministère From Wikipedia, the free encyclopedia

Agence pour le développement de l'emploi
Remove ads

D'Agence pour le développement de l'emploi, ofgekierzt ADEM oder Adem, ass dat lëtzebuergescht Aarbechtsamt.

op ee Bléck Aarbechtsamt, Land ...

D'ADEM ënnersteet dem Ministère fir Aarbecht, Beschäftegung a fir Sozial- a Solidarwirtschaft an huet hire Sëtz an der Stad Lëtzebuerg an huet regional Agencen zu Dikrech, Déifferdeng, Diddeleng, Esch-Uelzecht, Lëtzebuerg, Wolz a Waasserbëlleg.[1]

Remove ads

Geschicht an Direktioun

Mam Gesetz vum 2. Mee 1913 gouf d'Lëtzebuerger Regierung dozou autoriséiert Bureaux de placement opzemaachen[2] a mam Arrêté grand-ducal vum 21. August 1913, dee vum 1. Oktober 1913 u rechtskräfteg war, gouf de Beruff vum Placeur definéiert[3].

Den 30. Juni 1945 gouf per Arrêté grand-ducal den éischten Office national du travail geschaaft[4]. Dee gouf de mam Gesetz vum 21. Februar 1976 an Administration de l'emploi ëmgenannt[5] a krut mam Gesetz vum 18. Januar 2012 säin aktuellen Numm[6].

Am 21. Joerhonnert war de Jean-Marie Mousel bis zu sengem Doud den 29. Juni 2000 Direkter vun der ADEM. Seng Nofollgerin war Mariette Scholtus vun August 2000 bis Juni 2012. Si war déi éischt Fra un der Spëtzt vun enger grousser Lëtzebuerger Verwaltung an ass den 20. Juni 2012 wéinst Kritik un hirer Leedung ofberuff ginn[7].

Mat der Direktioun gouf dunn de Géry Meyers chargéiert, deen dem Personal de 5. Juli 2012 virgestallt gouf a seng Funktiounen den 1. September 2012 ugetratt huet[8],[9]. Offiziell aus perséinleche Grënn huet de Meyers am Mäerz 2013 ugekënnegt d'ADEM ze verloossen; hie gouf am Abrëll duerch d'Isabelle Schlesser ersat[10].

D'Mariette Scholtus hat virum Verwaltungsgeriicht géint hir Versetzung geklot. D'Geriicht huet hir de 5. Mee 2015 wéinst engem formaljuristesche Feeler Recht ginn, wouropshi a si erëm als Direktesch vun der ADEM etabléiert gouf. Den 19. Mee huet den Aarbechtsminister Nicolas Schmit eng nei Prozedur ageleet fir d'Mariette Scholtus ofzesetzen an zënter dem 19. Juni ass d'Isabelle Schlesser nees Direktesch[11],[12],[13].

Remove ads

Zuelen

2014 hu ronn 11.000 Persounen, déi bei der ADEM ageschriwwe waren, dréit Méint no der Clôture vun hirem Dossier geschafft. Dat selwecht Joer goufen och iwwer 250 Formatiounen organiséiert[14].

Um Spaweck

Referenzen

  1. tageblatt.lu: Adem mit altem Kopf? (6. Mee 2015)
  2. tageblatt.lu: Schlesser rein - Scholtus raus (19. Juni 2015)
Remove ads
Loading related searches...

Wikiwand - on

Seamless Wikipedia browsing. On steroids.

Remove ads