Albert Augustin
From Wikipedia, the free encyclopedia
Remove ads
Den Albert Augustin, gebuer den 28. Mäerz 1872 zu Dikrech, a gestuerwen den 1. Mäerz 1938 zu Bäreldeng[1], war Direkter vun der lëtzebuergescher Forstverwaltung[2].
Am Joer 1914 gouf den Albert Augustin Garde général adjoint. 1918 krut hien eng Nominatioun als Garde général zu Wolz. 1922 ass hie Forstinspekter genannt ginn, an de 26. Juni 1929[3] gouf hien Direkter vun der Forstverwaltung[2]. Den 1. Abrëll 1937 goung hien an d'Pensioun[4].
Säin Nofollger war de Victor Hippert, deen de 26. Mäerz 1937 Direkter genannt gouf.
Den Albert Augustin war vun 1907 u Member vun der Société des naturalistes luxembourgeois, där hire Sekretär Eugène Lahr en Noruff am Bulletin vum Veräi publizéiert huet[2]. Virdru war hie Member vun der Société de botanique, an dat zënter 1894.[5] Den Albert Augustin war och Member vun der Section des sciences vum Institut grand-ducal; hien ass an der Sëtzung vum 18. Juli 1923 als Membre agrégé opgeholl ginn.[6]
Remove ads
Literatur
- Lahr, E., 1938. Nécrologie. Bulletin de la Société des naturalistes luxembourgeois 48, S. 1.
- Wolter, F., 2015. Aperçu de l'évolution historique de l'Administration depuis sa création en 1840. In: Administration de la nature et des forêts, 1840 - 2015: 175 Joer am Déngscht vu Mënsch an Natur. Luxembourg, Administration de la nature et des forêts, S. 141-189.
Referenzen
- Etat civil Walferdange, Stierfregëster 1938, Nr. 5. — D'Luxemburger Wort 1938-03-03, S. 4, Nr. 62 (Sterbefall), preziséiert, den Augustin wier zu Bäreldeng an der Wunneng vun engem Frënd gestuerwen. Am Escher Tageblatt 1938-03-03, S. 3, Nr. 52 (Sterbefall), liest een, den Augustin wier an der Stad Lëtzebuerg a senger Wunneng gestuerwen. D'Obermosel-Zeitung vum 3. Mäerz 1938, S. 5, schreift an der Rubrik “Sterbefälle”, den Augustin wier den 1. Mäerz an der Stad Lëtzebuerg gestuerwen.
- Lahr 1938.
- Wolter 2015, S. 181.
- Escher Tageblatt 1937-03-27, S. 4, Nr. 73 (Altersgrenze) Archivéiert den 09.10.2020. Gekuckt den 23.11.2015.
- Recueil des mémoires et des travaux publiés par la Société de botanique du grand-duché de Luxembourg 13 (1890-1896), S. 5 (membres effectifs).
Remove ads
Wikiwand - on
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Remove ads