Aral

däitsch Pëtrolsfirma From Wikipedia, the free encyclopedia

Aral
Remove ads

Aral (offiziell Aral AG) ass eng däitsch Pëtrolsfirma mat Sëtz zu Bochum. Se gouf 1898 als Westdeutsche Benzol-Verkaufsvereinigung gegrënnt an ass zënter 2002 eng Filial vum brittesche BP-Grupp. Aral huet 2.500 Bensinnsstatiounen an Däitschland an zu Lëtzebuerg. Obwuel d'Mark bis géint 2003 a ville west- a mëtteleuropäesche Länner present war, kruten déi meescht Statiounen de BP-Design.

Dësen Artikel beschäftegt sech mat der Pëtrolsfirma Aral. Fir aner Bedeitungen, kuckt wgl. Aral (Homonymie).
op ee Bléck Typ, Grënnungsdatum ...

Nieft de klassesche Produite wéi Bensinn, Diesel an Ueleger, verdreift Aral haut och Äerdgas, Flësseggas (Propan a Butan) flëssegen a gasfërmege Waasserstoff a Mazout. Zënter 20214 bedreift Aral och Séier-Luetstatioune fir E-Autoen ënnert dem Numm „Aral Pulse“.

Remove ads

Numm

1924 huet den däitsche Benzol-Verband (BV) en neie Produit, e Gemësch aus Bensinn a Benzol, am Verhältnis 6 : 4 entwéckelt. Well Benzol zur cheemescher Grupp vun den Aromaten a Bensinn zu den Aliphaten gehéiert, huet de Chemiker Walter Ostwald den neie Produit „BV-Aral“ genannt.

Aral zu Lëtzebuerg

Geschicht

D'Firma gouf am Joer 1957 ënner dem Numm Bureau de vente de produits industriels gegrënnt an de 27. November 1963 an Aral Luxembourg ëmgenannt[1].

Am Oktober 2021 gouf e Fusiounsprojet vu verschiddene Lëtzebuerger Pëtrolsentreprisen ausgeschafft, mat deem[2]:

  1. Aral Luxembourg mat BP Luxembourg (fréier: BP Capellen) fusionéiert an déi iwwerhëlt (absorbéiert);
  2. Aral Tankstellen Services (ATS) mat Aral Services Luxembourg (ASL) fusionéiert an déi iwwerhëlt;
  3. Aral Tankstellen Services (ATS) mat BP Capellen (BPC) fusionéiert an déi iwwerhëlt;

Well ATS an ASL allebéid integral zu Aral Luxembourg gehéieren a BPC integral zu BP Luxembourg gehéiert, ass d'Conclusioun, datt Aral Luxembourg no der Fusiounen eenzegen Aktionär vun ATS, ASL a BPC ass.

D'Fusioun war den 1. Dezember 2021 ofgeschloss an Aral Luxembourg a BP Luxembourg kruten doduerch allebéid dee selwechten an eenzegen Aktionär: BP Europa SE, eng däitsch Entreprise vun Hamburg.

Aral hautdesdaags

Enn Mäerz 2024 huet Aral 57 Bensinnsstatiounen zu Lëtzebuerg exploitéiert[3], woubäi d'Statioun op der Aire de Berchem déi mam héchsten Ëmsaz vum ganze Grupp ass.

De Generladirekter vun Aral Luxembourg ass zënter dem 29. Mäerz 2024 den Eric Bleyer[3].

Remove ads

Um Spaweck

 Commons: Aral – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten

  1. (fr) B5722 – ARAL LUXEMBOURG S.A., Publication. www.lbr.lu (27.11.1963). Gekuckt den 12.08.2024.
  2. (fr) B45782 – Projet de fusion. lbr.lu. Gekuckt den 09.08.2024.
  3. (de) Wechsel der Geschäftsführung bei Aral in Luxembourg. www.aral.de (28.03.2024). Gekuckt den 12.08.2024.
Loading related searches...

Wikiwand - on

Seamless Wikipedia browsing. On steroids.

Remove ads