Kanaresch Inselen
autonom Regioun a Spuenien From Wikipedia, the free encyclopedia
Remove ads
D'Kanaresch Inselen (sp: Islas Canarias) oder d'Kanaren sinn eng Inselgrupp déi zu Spuenie gehéieren.
Remove ads
Geographie
D'Kanaresch Inselen gehéiere geographesch zu Afrika a leien am Atlantik an der Regioun Makronesien. Zu hinne gehéiere siwen Haaptinselen: Lanzarote, Fuerteventura, Gran Canaria, Teneriffa, La Gomera, La Palma an El Hierro, sechs méi kleng Inselen: Alegranza, Graciosa, Montaña Clara, Los Lobos, Roque del Este a Roque del Oeste a verschidde kleng onbewunnt Inselen.
D'Kanaresch Inselen hunn eng Fläch vu 7.447 km² dat sinn 1,5 % vun der Fläch vu Spuenien.
Andeelungen
D'Kanare sinn an zwou Provënzen agedeelt.
- Provënz Santa Cruz de Tenerife mat der Haaptstad Santa Cruz de Tenerife
- Provënz Las Palmas mat der Haaptstad Las Palmas de Gran Canaria
Remove ads
Geologie
All dës Inselen hunn eng vulkanesch Originn. Virun ongeféier 36 Millioune Joren hunn déi éischt Ausbréch ënner dem Mier ugefaangen eruptiivt Material ofzelageren.
Geschicht
D'Kanaresch Insele sinn zanter dem 16. August 1982 eng autonom Gemeinschaft.
Politik
De President ass de Ángel Víctor Torres (PSOE).
D'Parlementaresch Vertriedung am spuenesche Kongress huet véierzéng Sëtz an am Senat huet se der zwéin.
Demographie
2007 gouf et 2.025.951 Awunner op de Kanaren, dat si 4,48 % vun der spuenescher Populatioun.
Déi gréisst Stied
Déi wichtegst Stied op de Kanareschen Insele sinn:[1]:
- Las Palmas de Gran Canaria (Gran Canaria) 378.628
- Santa Cruz de Tenerife (Teneriffa) 221.567
- San Cristóbal de La Laguna (Teneriffa) 141.627
- Telde (Gran Canaria) 96.547
- Arona (Teneriffa) 65.550
- Santa Lucía de Tirajana (Gran Canaria) 56.268
- Arrecife (Lanzarote) 53.920
- San Bartolomé de Tirajana (Gran Canaria) 46.428
- La Orotava (Teneriffa) 40.355
- Puerto del Rosario (Fuerteventura) 30.363
- Los Llanos de Aridane (La Palma) 19.878
- Santa Cruz de La Palma (La Palma) 17.788
Remove ads
Kuckt och
Um Spaweck
![]() |
Commons: Canary Islands – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen
Wikiwand - on
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Remove ads