Ariane 1
From Wikipedia, the free encyclopedia
Remove ads
D'Ariane 1 ass den éischte Modell aus der Serie vun den Ariane-Rakéiten. Si entstoung aus der Europa 3 vum feelgeschloenen Europa-Projet. D'Entwécklungskäschte fir d'Ariane 1 louche bei 1,7 Mrd. DM (zirka 860 Mio. €).

Technik
Bei engem Startgewiicht vu bis zu 210 t hat d'Ariane 1 eng Héicht vu 47,4 m an en Duerchmiesser vun 3,8 m. No de Pläng sollt si eng Notzlaaschtkapazitéit vu max. 1,7 t an der GTO erreechen. Et huet sech awer erausgestallt, datt de Spezifeschen Impuls vum HM-7-Dreifwierk vun der drëtter Stuf méi héich war wéi berechent, wouduerch déi tatsächlech Notzlaaschtkapazitéit max. 1,85 t an d'GTO ausgemaach huet.[1] Dobäi konnt d'Ariane 1 ee groussen oder zwéi kleng Satellitten transportéieren.
D'Ariane 1 hat dräi Stufen:
- Déi éischt Stuf hat véier Viking-Dreifwierker vun der Société européenne de propulsion.
- Déi zweet Stuf hat ee Viking-Dreifwierk. D'Viking-Dreifwierker vun der Ariane 1 hunn hypergol Dreifstoffkombinatioun Stéckstofftetroxid/UDMH verbraucht.
- Déi drëtt Stuf hat een HM-7-Dreifwierk dat mat engem Waasserstoff/Sauerstoff-Gemësch bedriwwe gouf an e Schub vu siwe Tonnen hat.
Déi béid Modeller duerno, d'Ariane 3 an d'Ariane 2 waren nëmme wéineg modifizéiert Variante vun der Ariane 1. An och nach d'Ariane 4 gouf deelweis op d'Ariane 1 opgebaut. Eréischt d'Ariane 5 gouf nei entwéckelt.
Déi kleng Zuel vu Starten an déi wéineg Starte vun 1985 un, si bedéngt duerch d'Opkomme vun der méi staarker Ariane 3 am Joer 1984 an der eppes méi staarker Ariane 2 am Joer 1986.
Remove ads
Komplett Startlëscht
All d'Rakéite goufe vun der Startplaz ELA-1 vum europäescher Weltraumgare Kourou a Franséisch-Guyana gestart. Fir d'Ariane 1 gouf d'Startramp vun der Europa 2 Rakéit ëmgebaut. Si gouf och fir de Start vun der Ariane 2 an 3 agesat.
¹ NET zwangsleefeg den Zilorbit vun der Notzlaascht - mä d'Bunn op där d'Notzlaascht vun der drëtter Stuf ausgesat gouf.
² D'Notzlaaschte sinn sou verzeechent wéi si iwwereneen oder (a rare Fäll) nieweneneen an der Notzlaaschtverkleedung ënnerbruecht waren. Déi iewescht Notzlaascht fir d'éischt, dann déi zweetiewescht a.s.w..
Remove ads
Literatur
- Martine Castello: La grande aventure d'Ariane. Larousse 1987, ISBN 2-03-518232-8.
- William Huon: Ariane, une épopée européenne. ETAI 2007, ISBN 978-2-7268-8709-7.
- Jean-Pierre Philippe: Ariane, horizon 2000. Taillandier, Paris 2000, ISBN 2-87636-045-4.
- Bernd Leitenberger: Europäische Trägerraketen Band 1. Von der Diamant zur Ariane 4 - Europas steiniger Weg in den Orbit Books on Demand, Norderstedt 2009, ISBN 3837095916.
Um Spaweck
| Commons: Ariane – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen
- Nigel Calder: Jenseits von Halley. Die Erforschung von Schweifsternen durch die Raumsonden Giotto und Rosetta (Originaltitel: Giotto to the Comets). Springer, Berlin, Heidelberg und New York 1994, ISBN 3-540-57585-5
Wikiwand - on
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Remove ads
