Arras

From Wikipedia, the free encyclopedia

Arras
Remove ads

Arras ass eng franséisch Gemeng am Departement Pas-de-Calais an der Regioun Hauts-de-France.

Méi Informatiounen Kanton, Postcode ...

Arras läit am Artois, um Zesummefloss vun der Scarpe an dem Crinchon, an huet eng Fläch vun 11,63 km², op där ronn 41.000 Awunner, d'Arrageois, liewen.

Remove ads

Geschicht

Thumb
D'Stadhaus mam Beffroi, op der Petite place

D'Gallier hunn d'Uertschaft Nemetocenna genannt, an d'Réimer hate se Nemetacum gedeeft. Méi spéit housch se Atrebatum. D'Atrebaten, waren e gallesche Stamm, deen hei seng Haaptstad hat, an dee mat zu deene leschte gehéiert huet, déi sech dem Julius Cäsar erginn haten. Den Numm Arras wier dovun ofgeleet.

D'Grofschaft Artois, an domat Arras, huet probéiert, sech tëscht de franséischen Noperen am Süden an den Habsburger am Norden ze behaapten, mä gouf schlussendlech 1654, ënner dem Louis XIV. definitiv franséisch. De Vauban huet dann och direkt eng Zitadell bei d'Stad baue gelooss.

Am Éischte Weltkrich ass d'Front iwwer den Hiwwele ronderëm Arras verlaf. Dowéinst gouf d'Stad an deene Joren uerg zerstéiert; si krut den Titel Ville martyre. Well d'Pläng vun den Haiser zanter dem 17. Joerhonnert versuergt gi waren, konnt d'Alstad awer nees wéi virdrun opgebaut ginn.

D'Université d'Artois huet do hiren Haaptsëtz.

Remove ads

Wopen

Beschreiwung (fr): De gueules au lion d'or armé et lampassé d'azur, à l'écusson brochant en abime sur le tout aussi d'azur semé de fleurs de lys d'or brisé d'un lambel de gueules de trois pendants chargés chacun de trois petits châteaux aussi d'or rangés en pal.

Kuckeswäertes

  • D'Grande-Place;
  • D'Petite Place (haut Place des Héros) mam Stadhaus a sengem Beffroi (de Beffroi steet op der Unesco-Lëscht vum Weltkulturierwen);
  • D'Kathedral an d'Klouschter Saint-Vaast;
  • D'aachteckeg Victor-Hugo-Plaz mat engem Obelisk;
  • D'Zitadell vum Vauban

Bekannt Leit vun Arras

Kuckt och

Um Spaweck

 Commons: Arras – Biller, Videoen oder Audiodateien
Loading related searches...

Wikiwand - on

Seamless Wikipedia browsing. On steroids.

Remove ads