Auguste Wirion
lëtzebuergesche Moler From Wikipedia, the free encyclopedia
Remove ads
Den Auguste Wirion, gebuer de 5. November 1864[1] am Pafendall, a gestuerwen de 25. Abrëll 1940 zu Nidderkäerjeng[2], war e lëtzebuergesche Moler.
![]() |
Dëse Konschtartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Bekannt ass, datt hie Landschaftsbiller gemoolt a Portraite gezeechent huet.
Remove ads
Säi Liewen
Den August Wirion war e Jong vum Jacob Franz Wirion, Kréimer an 'Horndrechsler',[3] an der Anna Gertrud Eugen. Nom Secondaire an der Industrieschoul um Lampertsbierg an am Stater Kolléisch ass den Auguste Wirion op d'École nationale des arts décoratifs de Paris studéiere gaangen. Fir sech kënschtleresch virunzebilden huet hie Studiereesen an d'Belsch, an Däitschland, an d'Schwäiz an op Paräis gemaach.[4]
1885 koum hien an de Progymnase d'Echternach fir Zeechecoursen ze ginn a krut 1888 do seng Nominatioun als "maître de dessin". An den éischte Jore vu senger Karriär gouf hien nieft sengen Zeechecoursen och fir Gymnastikcoursen agesat.
1924 krut hien eng Nominatioun als Zeecheprofesser ("professeur de dessin") am Gymnase d'Echternach.[5]
Am November 1932 ass hien an d'Pensioun gaangen a gouf vum Mathias Reckinger ersat.
Remove ads
Biller
- D'Schaffplaz zu Iechternach
Literatur
- APEA, 1987. Regard sur deux siècles de création et d'éducation artistiques au Luxembourg. Association des Professeurs d'Education artistique de l'Enseignement secondaire et supérieur (APEA), Impr. St-Paul, Luxembourg, 332 S. (Auguste Wirion: S. 94-95).
- C. Lang, 1967. Le personnel de l'enseignement secondaire et supérieur du Grand-Duché de Luxembourg, 1839-1922. Travail statistique de Félix Heuertz (1922), complété par Charles Lang (1967). Publications du Ministère de l'Éducation nationale, Luxembourg, S. 121-122.
Auszeechnungen
- Chevalier de l'Ordre de la couronne de chêne (Promotioun 1926)[2][6]
Kuckt och
Um Spaweck
![]() |
Commons: Auguste Wirion – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen an Notten
- Doudesannonce am Luxemburger Wort Nr. 7 vum 29. Abrëll 1940, S. 7. — APEA (1987) a Lang (1967) ginn als Stierfdag de 26. Abrëll un.
- "Civilstandt der Stad Luxemburg", Luxemburger Wort, 13 november 1864.
- Lambert Herr (2001) Signatures, portraits et auto-portraits: artistes plasticiens au Luxembourg. Luxemburg: Éditions Saint-Paul. ISBN 2-87963-382-6. S. 374.
- "Enseignement supérieur et moven", L'Indépendance luxembourgeoise, 26. Dezember 1924.
- "L'enseignement secondaire et la nouvelle promotion dans l'ordre de la Couronne de Chêne", L'Indépendance luxembourgeoise, 1 februari 1926.
Remove ads
Wikiwand - on
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Remove ads