Béibreg

däitsch Kreesstad vum Äifelkrees Béibreg-Prüm (Rheinland-Pfalz) From Wikipedia, the free encyclopedia

Béibreg
Remove ads

Bitburg (Lëtzebuergesch Béibreg), ass d'Kreesstad vum Äifelkrees Béibreg-Prüm a Rheinland-Pfalz (Däitschland).

Séier Fakten Bitburg lb: Béibreg, Land ...

Gréissten Employeur a Kennzeeche vun der Stad ass d'Bitburger Brauerei.

Remove ads

Geschicht

Béibreg gouf virun zirka 2000 Joer als Verkéiersachs tëscht Lyon, Metz, Tréier a Köln als kleng Siidlung mam Numm Vicus Beda gegrënnt. Dës gouf ëm 330 zu engem Kastell ausgebaut, do, wou haut nach de Stadkär ass. 715 gëtt Béibreg eng éischt Kéier als Castrum bedense an engem Dokument ernimmt. 1262 kritt Béibreg Stadrechter iwwerdroen. Béibreg huet fréier zu der Grofschaft Lëtzebuerg, duerno zum Herzogtum gehéiert.

1815 goungen d'Territoiren ëstlech vu Musel, Sauer an Our (an domat och Béibreg) un déi preisesch Rhäinprovënz, Béibreg gouf Kreisstadt. Am Zweete Weltkrich gouf et zu 85 % zerstéiert. Nom Krich war fir e puer Joer e lëtzebuergescht Batailloun als Besatzungstrupp zu Béibreg stationéiert; 1955 hunn d'Fransousen dës Roll iwwerholl, an duerno bis zum Enn vun der Besatzung d'Amerikaner.

Remove ads

Jumelagen

Béibreg ass ë. a. jumeléiert mat:

Kuckeswäertes

  • Parkierch Liebfrauen zu Béibreg
  • de Geessebuer

Um Spaweck

 Commons: Béibreg – Biller, Videoen oder Audiodateien
Thumb
Geessebuer
Thumb
D'Parkierch Liebfrauen vu Béibreg
Loading related searches...

Wikiwand - on

Seamless Wikipedia browsing. On steroids.

Remove ads