CFL 2000
Serie vun 22 CFL-Automotricen From Wikipedia, the free encyclopedia
Remove ads
D'CFL-Serie 2000 war eng Serie vun 22 Automotrice vum CFL, déi an de Joren 1990 bis 1992 ënner den Nummeren 2001-2022 a Betrib geholl goufen, an an de Joren 2024 bis 2025 aus dem Verkéier gezu goufen. Am Volleksmond, respektiv am Eisebunnsjargon, gouf dëse Modell och "Z2" genannt.
Remove ads
Allgemenges
Jiddwer Automotrice besteet aus enger Motrice, an engem Steierwon.
D'Automotrice mat der Nummer 2003 ass de 6. Abrëll 1997 um Houwald mat engem Gidderzuch kollidéiert, woubäi d'Motrice zerstéiert gouf. De Steierwon ass duerno ënner der Nummer 2003 mat enger neier Motrice gefuer.
D'2000er sinn dacks als Ramm (Unité multiple) mat bis zu 3 unenenee gekoppelten Unitéite gefuer. Et wier technesch duerchaus méiglech gewiescht, méi Unitéiten ze verbannen, mä verschidde Garen am Land haten en ze kuerze Quai fir sou eng laang Ramm. Donieft war d'Demande op den Asazstrecke vun där Serie seele sou grouss, datt eng véiert Unitéit gebraucht gi wier, a wann dach, da goufen déi Zich éischter mat CFL Dosto Material gefuer.
Am Dezember 2018 huet d'CFL fir am Ganzen 350 Milliounen Euro bei der Firma Alstom 34 Zich aus der Coradia Stream-Baurei bestallt, déi tëscht 2024 an 2025 d'CFL 2000-Serie ersat hunn.[1] Déi éischt Ramm vun der Serie 2400 gouf de 5. Januar 2023 op Lëtzebuerg geliwwert.
Den 29. November 2025 sinn déi zwéi lescht Z2-Zich, mat den Nummeren 2009 an 2022, déi nach am Land a Betrib waren, fir d'lescht um Lëtzebuerger Zuchreseau gefuer.[2]
Déi ausgemustert Ween, déi Stéck fir Stéck ersat goufen, goufe vum CFL un déi nei rumänesch Eisebunnsgesellschaft Ferotrans TFI verkaaft[3],[4],[5] Just een ass am Land bliwwen a koum an de Musée[wat fir een?][6].
Remove ads
Nimm
Véier Automotricë kruten den Numm vun enger lëtzebuergescher Gemeng an droen och deenen hire Wopen:
- 2001: Mersch
- 2003: Betzdorf
- 2004: Pétange
- 2018: Troisvierges
Asaz
D'2000er goufen um ganzen CFL Reseau agesat, dacks als Navett op den Antenne vum Reseau:
- Näerzeng - Rëmeleng
- Beetebuerg - Wuelmereng
- Esch-Uelzecht - Däitsch-Oth
- Ettelbréck - Dikrech
- Kautebaach - Wolz
Op den CFL Strecke Lëtzebuerg-Waasserbëlleg a Lëtzebuerg-Dikrech hunn d'2000er bis …[Wéini?] d'Haaptlaascht gedroen. Um Rescht vum Reseau koume se nëmme sporadesch an den Asaz.
An der Belsch sinn d'2000 eng Zäitchen[Wéini?] bis op Attem a ganz rar bis op Gouvy gefuer. A Frankräich duerften se, well se net mat dem SNCF-Sécherheetssystem KVB ekipéiert waren, zanter …[Wéini?] net méi fueren.
Biller
- Éischt Klass
- Zweet Klass
- D'2022, déi als lescht vun der Serie den 29.11.2025 ausser Betrib geholl gouf.
Kuckt och
Um Spaweck
| Commons: CFL 2000 – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- D'Serie 2000 vun der CFL op rail.lu
- D'Serie 2000 vun der CFL op Spoorgroep Luxemburg
- D'Serie 2000 op der CFL-Websäit
- D'Serie 2000 vun der CFL op hellertal.startbilder (deutsch)
Referenzen
- "Alstom livrera 34 trains Coradia aux CFL." paperjam.lu, 19.12.2018.
- (lb) CFL soen Z2-Zich Äddi: Offiziell lescht Faart fir Zich aus Serie 2000. www.rtl.lu. Gekuckt den 29.11.2025.
- Reengineering and final maintenance: the CFL Z2s ready for their next adventure. blogcfl.lu, 07.02.2025.
- After decades of service, Z2 railcars are on their way out. luxtimes, 09.04,2025.
- Cireasa Doru: Primele rame electrice cumpărate de Ferotrafic TFI au ajuns la Brașov. clubferoviar.ro, 10.04.2025 (nogekuckt: 23.09.2025).
- Uwe Hentschel: "Luxemburgs Triebwagen machen sich bald auf die Reise nach Rumänien." wort.lu, 24.01.2024 (och am Télécran 3/2025).
Remove ads
Wikiwand - on
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Remove ads
