CFL 2400

Automotrice From Wikipedia, the free encyclopedia

CFL 2400
Remove ads

D'CFL-Serie 2400 ass eng Serie Rei vun elektreschen Automotricë vun der CFL. Et handelt sech ëm de Modell Coradia Stream High Capacity vum Zuchconstructeur Alstom[1].

op ee Bléck Baureiebezeechnung, Bedreiwer ...

Den Autorail gouf am September 2022 op der Berliner Fachfoire InnoTrans virgestallt.[1] Déi éischt Ramm vun am Ganze 34 gouf de 5. Januar 2023 op Lëtzebuerg geliwwert. Déi aner kommen an de Méint dono no a gi vu September 2024 un um CFL-Reseau no an no agesat, virun allem op der Nordstreck, ma och op de Linnen a Richtung Athus, Arel a Lonkech.[2]

Si hunn um éischten a leschten Element zwéi Stäck (am mëttelsen een), an d'Ramme sinn 80 oder 160 m laang. Vun de kuerze goufen der 22 bestallt, vun de laangen der 12.

Als Neierunge gëtt et do ë. a. en automatesche System fir Passagéier ze zielen, an den Asaz vun der ATO-Technologie (Automated Train Operation), déi et z. B. erlaabt, d'Vitess automatesch unzepassen[1].

Ier se zum regulären Asaz koumen, goufen tëscht Enn Abrëll an Ufank Juli 2024 Nuetstester op der Streck gemaach, fir haaptsächlech d'elektresch Alimentatioun z'iwwerpréiwen. Den 29. September 2024 hunn d'Mobilitéitsministesch Yuriko Backes, den CFL-Generaldirekter Marc Wengler an den CFL-Verwaltungsrotspresident Jeannot Waringo an der Ettelbrécker Gare déi éischt Ramm (d'Nummer 2410) op hirem éischte regulären Asaz ageweit.[3]

D'Gefierer vun der 2400er Serie ersetze successiv, bis uganks 2026, déi vun der Serie Z2/CFL 2000, déi zanter den 1990er Joren am Asaz sinn.

Remove ads

Biller

Um Spaweck

 Commons: CFL Class 2400/2450 – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten

Loading related searches...

Wikiwand - on

Seamless Wikipedia browsing. On steroids.

Remove ads