Claude Conter

lëtzebuergeschen Auteur an Enseignant From Wikipedia, the free encyclopedia

Remove ads

De Claude Léon Paul Conter, gebuer den 2. Abrëll 1929 an der Stad, a gestuerwen den 20. Juni 2024[1], war e Lëtzebuerger Literat.

Dësen Artikel beschäftegt sech mat dem Lëtzebuerger Literat. Fir de lëtzebuergesche Literaturwëssenschaftler an Direkter vun der Lëtzebuerger Nationalbibliothéik (gebuer 1974), kuckt wgl. Claude D. Conter.
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
op ee Bléck Gebuertsnumm, Gebuer ...

No senger Primärschoulszäit zu Beggen huet de Claude Conter säi Secondaire am LGL, dem Jongelycée um Lampertsbierg gemaach. Den 3. Februar 1943[2] gouf e mat senger Famill deportéiert a si konnten eréischt de 24. Juni 1945 an hir Heemecht zeréckkommen.

Säin Universitéitsstudium huet hien zu Aix-en-Provence, zu Montpellier an zu Paräis gemaach. Seng Karriär als Franséischprofesser huet zu Iechternach ugefaangen. 1959 gouf en op Esch an de Jongelycée (LGE) versat, wou hie bis zu senger Pensioun 1990 enseignéiert huet. Zanter 1974 huet e parallel dozou franséisch Literaturgeschicht um Centre Universitaire ginn.

De Claude Conter war Member vun der Jury vum Servais-Präis a Vizepresident vun der Sektioun "Arts et lettres" vum Institut grand-ducal.

Hien ass net ze verwiessele mam Claude D. Conter.

Remove ads

Wierk

Journalistesches

  • Tëscht 1962 an 1968 huet de Claude Conter eng Honnert "Lettres à Sophie" an "Disgressions" geschriwwen, déi an der Kultur-Bäilag vum Tageblatt, Le Phare publizéiert goufen.

Bicher

  • Nuits de cristal, Lëtzebuerg, 1949.
  • Petite pharmacopée portative, Déifferdeng, Kollektioun "MOL" 13, 1980.
  • Lettres à Sophie - Digressions choisies, annotées et mises en page par Carlo Felten, Dikrech, Collection "APESS" 12, 2002.
Remove ads

Gielercher

Reaktiounen

  • Promenades à travers la littérature et le temps, in: Luxemburger Wort de 7.11.2002. De Raymond Schaack iwwer dem Claude Conter säi Buch "Lettres à Sophie".

Literatur

Um Spaweck

Referenzen

  1. Luxemburger Wort 29.06.2024, S. 56, Avis mortuaires; Tageblatt 29.06.2024; S. 31, Décès.
  2. (fr) Distinctions honorifiques à l'Ambassade des Pays-Bas. Luxemburger Wort. eluxemburgensia.lu (8. Mäerz 1974). Gekuckt den 22.01.2023.
Loading related searches...

Wikiwand - on

Seamless Wikipedia browsing. On steroids.

Remove ads