Departement Charente

franséischt Departement From Wikipedia, the free encyclopedia

Departement Charente
Remove ads

D'Charente (16) ass e franséischt Departement an der Regioun Nei-Aquitaine. Et krut säin Numm duerch de Floss Charente deen derduerch fléisst.

Méi Informatiounen Charente (16) ...

Geschicht

D'Departement gouf wärend der franséischer Revolutioun, de 4. Mäerz 1790 iwwer d'Gesetz vum 22. Dezember 1789 geschaf.[1].

D'Charente ass zanter dem Paleolithikum bevëlkert[2].

Am Zweete Weltkrich war d'Charente duerch d'Demarkatiounslinn an zwee gespléckt: am Westen déi besat Zon an am Osten déi fräi Zon. Dat erkläert firwat do d'Resistenzorganisatioune sou fréi funktionéiert hunn[3].

Geographie

D'Charente grenzt un d'Departementer Vienne, Haute-Vienne, Dordogne, Charente-Maritime an Deux-Sèvres.

Bevëlkerung

D'Bevëlkerungszuel läit zanter dem Ufank vum 19. Joerhonnert ëm 340.000 Awunner, allerdéngs lieft haut en Drëttel vun den Awunner am Groussraum Angoulème.

Perséinlechkeeten aus der Charente

Kuckt och

Um Spaweck

 Commons: D'Charente – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen

  1. "la Charente de la préhistoire à nos jours",Ed Bordessoules, 1986, ISBN 2-903504-21-0
  2. A. Debenath, J.F. Tournepiche, "Néandertal en Poitou-Charentes", Association régionale des musées en Poitou-Charentes.
  3. "Le maquis charentais Bir Hacheim", Raymond Troussard,1981, SAJIC Angoulême, dépôt légal n°1455
Loading related searches...

Wikiwand - on

Seamless Wikipedia browsing. On steroids.

Remove ads