Discovery-Programm

From Wikipedia, the free encyclopedia

Discovery-Programm
Remove ads

Den Discovery-Programm vun der NASA ass eng Serie vu käschtegënschtegen, héich konzentréierten, wëssenschaftleche Weltraum-Missiounen. E gouf no der Visioun vum NASA-Chef Daniel Goldin vun enger "méi séierer, besserer a méi bëlleger" (engl. "Faster – Better – Cheaper") Planéitemissioun gegrënnt. De Programm besteet aus eegene Raumsonden an sog. "Discovery Missions of Opportunity", vun der NASA gebauten Instrumenter a Raumsonde vun anere Raumfaartagenturen. Eenzege Feelschlag war bis elo d'CONTOUR Missioun. Mars Climate Orbiter a Mars Polar Lander hu net zum Discovery-Programm gehéiert.

Thumb
2016 InSight Mars lander
Thumb
Rotatioun vum Asteroid (433) Eros.
Thumb
De Planéit Merkur, fotograféiert vum Messenger. Um Bild de Krater Sholem Aleichem.
Remove ads

Missiounen

Fäerdeg Missiounen

Erfollegräich

  • NEAR, eng Missioun, fir Asteroiden z'observéieren; war um (433) Eros gelant. Si ass haut net méi a Betrib.
  • Mars Pathfinder, e Mars-Landemodul mat engem klenge Rover, nom Ofschloss vun der Missioun gouf hien ofgeschalt.
  • Lunar Prospector, e Moundsatellit, deen op d'Mounduewerfläch gefall war.
  • Deep Impact, eng Missioun, bei där eng Raumsond op e Koméit fält, awer nach eng Sond huet déi funktionéiert an déi vläicht fir spéider Missioune benotzt ka ginn.
  • Stardust, eng Missioun fir Deelercher aus engem Koméiteschwäif ze sammelen. Si koum domat de 15. Januar 2006 op d'Äerd zeréck. D'Mammeschëff bleift an engem Orbit ronderëm d'Sonn a ka fir spéider Missiounen nach gebraucht ginn.
  • De Moon Mineralogy Mapper, eng „Discovery Mission of Opportunity“, war en Instrument fir d'Erfuerschung vun der Mineralogie um Äerdmound a gouf am Oktober 2008 u Bord vum ISRO-Orbiter Chandrayaan-1 gestart. Am August 2009 war de Kontakt mat der Sond ofgebrach.

Deelweis erfollegräich

  • Genesis, eng Missioun fir Sonnewandpartikelen ze sammelen. Bei der Landung haten d'Fallschiermer versot an d'Landekapsel war an der Wüst bei Salt Lake City erofgefall. No éischten Aussoe gouf ugedeit, datt awer e puer Partikele wëssenschaftlech ënnersicht konnte ginn.

Feelschlag

  • De CONTOUR, eng Sond, déi beim Zünde vum eegenen Dreifwierk beim Verloosse vun der Äerdëmlafbunn an dräi Deeler gebrach ass.

Lafend Missiounen

  • De Messenger ass eng Missioun op de Merkur, déi am August 2004 gestart gouf an an der Tëschenzäit, no dräi Swing-by-Manöveren, an eng Ëmlafbun ëm de Merkur agetrueden ass.
  • Den ASPERA-3 ass eng „Discovery Mission of Opportunity“. Si soll den Afloss vum Sonnenwand op d'Marsatmosphär weisen. Si ass u Bord vun der ESA-Sond Mars Express.
  • D'Raumsond Dawn, gestart am September 2007,soll d'Asteroiden Ceres a Vesta ënnersichen.
  • EPOXI ass eng „Discovery Mission of Opportunity“ fir d'Weiderbenotze vun der Raumsond Deep Impact beim Besuch vum Koméit 103P/Hartley 2 a fir d'Sich no Exoplanéiten.
  • NExT ass eng „Discovery Mission of Opportunity“ fir Weiderbenotze vun der Raumsond Stardust beim Besuch vum Koméit Tempel 1, dee scho virdru vum Deep Impact ënnersicht gouf.
  • De Kepler-Weltraumteleskop, deen de 7. Mäerz 2009 gestart gouf, ass e Weltraumteleskop, deen an engem Sonnenorbit no Stäre mat Onreegelméissegkeeten an der Liichtintensitéit sicht. D'Onreegelméissegkeeten weise ganz gär op Exoplanéiten hin.
  • De GRAIL war den 10. September 2011 gestart. Et ass eng Missioun, déi aus zwou Sonde besteet. D'Missioun ass fir d'Vermiessung vum Äerdmoundgravitatiounsfeld.

Geplangt Missiounen

  • Strofio, en Instrument fir d'Analys vun der Exosphär vum Merkur. D'Missioun soll viraussiichtlech 2016 op BepiColombo gestart ginn.
  • LaRa ass en Deel zum ExoMars-Lander (2018), a soll d'Versteesdemech vun der Struktur an dem Zoustand vum Marskär verbessern.

Virgeschloe Missiounen

De 5. Mee 2011 goufen ënner 28 Virschléi dräi Projete fir déi nächst Discovery-Missiounen erausgesicht:

  • InSight (Interior Exploration using Seismic Investigations, Geodesy and Heat Transport), e Marslander dee Struktur an Zesummesetzung vum Marskär ënnersiche soll an d'Versteesdemech vun der Genesis a vun der Entwécklung vun terrestresche Planéiten erweidere soll.
  • Titan Mare Explorer (TiME), eng Raumsond, déi op engem vun de gréisste Methanséie vum Titan „lande“ soll.
  • Comet Hopper (Chopper), eng Sond, déi op engem Koméit landen an e puermol hir Plaz wiessele soll, fir d'Verännerunge vum Koméit iwwer e laangen Zäitraum ze dokumentéieren.

Ënner dëse Virschléi ass den 20. August d'Wiel op de stationäre Marslander InSight gefall, deen 2016 gestart soll ginn.

Remove ads

Kuckt och

Portal Astronomie

Um Spaweck

Loading related searches...

Wikiwand - on

Seamless Wikipedia browsing. On steroids.

Remove ads