GRAIL

From Wikipedia, the free encyclopedia

GRAIL
Remove ads

D'Gravity Recovery and Interior Laboratory (GRAIL) war eng Äerdmoundmissioun vun der NASA, am Kader vum Discovery-Programm. Den Numm spillt op engl. (Holy) Grail = Hellege Gral un.

Dësen Artikel entsprécht net de Wikipediakrittäre fir en enzyklopedeschen Artikel. Dat kann dru leien datt Schreif- oder Tippfeeler dran ze fanne sinn, oder en nach net nom Stil vun engem Wikipediaartikel formatéiert gouf. Et kann och sinn, datt den Inhalt net an eng Enzyklopedie gehéiert, sou wéi en am Moment do steet. Fir ze verhënneren datt dësen Artikel eventuell geläscht gëtt, muss en onbedéngt iwwerschafft ginn.
Méi Informatiounen Gravity Recovery and Interior Laboratory (GRAIL) ...

DE GRAIL bestoung aus zwou am September 2011 zesumme gestartete Raumsonden, déi tëscht Ufank 2012 an Dezember 2012 de Mound ëmkreest hunn. D'Zil vun der Missioun war déi genee Vermiessung vum lunare Schwéierfeld a vun de Gravitéitsanomalien, fir doraus Opklärungen op de bannenzegen Opbau vum Mound ze kréien.

Remove ads

Opbau vun de Sonden

D'Missioun gouf vum Jet Propulsion Laboratory geleet. D'Sonde goufe vu Lockheed Martin Space Systems op Basis vum XSS-11-Satellit gebaut. D'Stroumversuergung ass iwwer zwéin ausklappbar, awer net schwenkbar Solarmodulen (763 W), déi Lithium-Ionen-Akkumulatoren oplueden, erfollegt (30 Ah bei 28 V).[1] Fir d'Lagreegelung goufe Waarmgas-Steierdüsen a Reaktiounsschwongrieder agesat. D'Date goufen iwwer eng S-Band-Funkverbindung op den Deep Space Network (DSN) iwwerdroen.

D'Sonden hu wéi d'GRACE-Satellitten, nom Satellite-to-Satellite Tracking-Prinzip geschafft. Si hunn de Mound op der selwechter Bunn ëmkreest an hu mam Lunar Gravity Ranging System (LGRS) mat elektromagnéitescher Wellen am Ka-Band kontinuéierlech d'géigesäiteg Distanz gemooss. Doduerch hu sech Onreegelméissegkeete vum Schwéierfeld mat héijer Prezisioun analyséiere gelooss.

Als zousätzlech Notzlaascht, als Bildungszweck fir d'Studenten, waren op béide Sonden d'Kamerasystem E/PO MoonKam mat jee fënnef eenzele Kameraen installéiert, déi Biller vun der Mounduewerfläch, der Äerd an de Sonde selwer iwwedroen hunn. D'Sonde goufen no engem landeswäite Concours fir Schoulklassen "Ebb" (Ebbe) a "Flow" (Flut) genannt.[2]

Thumb
Funktiounsprinzip vun de GRAIL-Sonden
Remove ads

Missiounsverlaf

Thumb
Fluchbunnnen zum Äerdmound

Déi béid GRAIL-Sonde sinn zesumme mat enger zweestufeger Delta-7920H-10C-Rakéit den 10. September 2011 um 13:08:52.775 UTC vun der Cape Canaveral Air Force Station aus gestart. Nom Start gouf et eng Transferphas vun dräianhallefwe Mount iwwer de Lagrange-Punkt L1 vum Äerd-Sonn-Systems an Direktioun Mound, fir déi erfuerderlech Vitessännerung kleng ze halen an anerersäits déi niddreg Moundëmlafbunn vun nëmme ronn 50 km Héicht méiglechst exakt z'erreechen. D'Ëmlafzäit vun de Sonden ëm de Mound war 113 Minutten. Op dëser Héicht sinn déi béid Satellitten een deem aneren op enger Distanz vun 175–225 km nogelaf.

Thumb
D'Gravitatiounsfeld vum Mound, bestëmmt vu GRAIL

Déi tatsächlech Wëssenschaftsmissioun hat de 7. Mäerz 2012[3] ugefaangen an hat eng Dauer vun 82 Deeg. Si war an dräi Zykle vu jee 27,3 Deeg gegliddert. Zweemol am Dag stoungen d'Sonde fir jee aacht Stonne mam Deep Space Network (DSN) a Verbindung an hunn d'Daten iwwerdroen.

Nom Ofschloss vun der primärer Wëssenschaftsphas gouf eng Verlängerung vun der Missioun beschloss, déi vum 30. August bis 3. Dezember 2012 dauere sollt. Dofir gouf de Sonden hir Héicht op duerchschnëttlech 23 km erofgesat, fir nach méi genee Miessunge maachen ze kënnen.[4]

Déi zwou Raumsonde ware plangméisseg bei Missiounsenn de 17. Dezember 2012 mat engem Bierg tëscht de Moundkratere Philolaus a Mouchez no beim Moundnordpol kollidéiert. Ëm 22:28:51 UTC war GRAIL A ("Ebb") op der Mounduewerfläch opgeschloen, a ronn 30 Sekonne méi spéit de GRAIL B ("Flow"). D'Aschlagplaz vu béide Satellitte gouf vun der NASA no der verstuerwener Astronautin Sally Ride genannt.[5]

Remove ads

Um Spaweck

 Commons: Gravity Recovery and Interior Laboratory – Biller, Videoen oder Audiodateien

Videos

Referenzen

Remove ads
Loading related searches...

Wikiwand - on

Seamless Wikipedia browsing. On steroids.

Remove ads