Voiture M6

From Wikipedia, the free encyclopedia

Voiture M6
Remove ads

D'Voituren M6 sinn eng Serie vu belsche Voiturë fir den InterCity Betrib. Si hunn 2 Stäck a goufe vum Konsortium Alstom-Bombardier gebaut. Bis Enn 2011 wëll d'SNCB 492 Stéck an den Asaz bréngen.

Méi Informatiounen SNCB ...
Thumb
Eng Ramm M6'er zu Oostende.
Thumb
Éischte Stack vun enger M6.
Remove ads

Typpen

  • D'M6 A si reng éischt Klass Voituren.
  • D'M6 B si reng zweet Klass Voituren.
  • D'M6 (A)BD si Voituren déi speziell un d'Besoine vu kierperlech behënnerte Passagéier oder vu Cyclisten adaptéiert sinn. Si hunn eng déif geluechten Dier, déi et méi einfach mécht mat engem Vëlo oder Rullstull eranzeklammen.
  • D'M6 Bx sinn als Steierween ausgeluechte Voituren, déi et méiglech maachen, datt den Zuch reversibel gëtt. Si si speziell fir den Asaz mat de belsche Lokomotive vun der Serie 27 ausgeluecht. Si kënnen awer och mat de Serien 13 an 21 agesat ginn.

Theoreetesch ass d'Material fir d'Belsch a Lëtzebuerg zougelooss, mä an der Praxis kommen d'Steierween zu Lëtzebuerg net an den Asaz. Dat läit ënner anerem dorun datt d'Lokomotive vun der Serie 27 zu Lëtzebuerg net zougelooss sinn.

Remove ads

Asaz

Den 19. November 2002 ass den éischten M6 Zuch tescht Ostende a Bréissel gefuer.

Remove ads

Um Spaweck

D'M6er um rail.lu

Loading related searches...

Wikiwand - on

Seamless Wikipedia browsing. On steroids.

Remove ads