Essen

Lieu-dit an der Gemeng Miersch From Wikipedia, the free encyclopedia

Essen
Remove ads

Essen ass eng Uertschaft an der Gemeng Miersch.

Dësen Artikel beschäftegt sech mat der Uertschaft Essen zu Lëtzebuerg. Fir aner Bedeitunge vum Wuert, kuckt wgl. Essen (Homonymie).
op ee Bléck Aussprooch, An anere Sproochen ...
Remove ads

Geographie

Essen läit op enger Héicht vun 210 m (NG-L) an ass domat deen déifste Punkt an der Gemeng Miersch.

D'Uertschaft läit um lénksen Uwänner vun der Uelzecht an ass iwwer den CR182 mam CR123 op der rietser Säit vum Floss verbonnen, deen a Richtung Süden op Miesdref an a Richtung Norden op Kruuchte leeft.

E Gemengewee leeft laanscht d'Uelzecht an d'Eisebunn op Pëtten, en anere mécht d'Verbindung mam CR115 tëscht Biissen a Kruuchten.

Remove ads

Geschicht

Essen war nach ëmmer enk mat Pëtten verbonnen. Ausser e puer Haiser an e puer Häff stoung fréier zu Essen tëscht der Uelzecht an der Eisebunn eng kleng Millen, déi nom Zweete Weltkrich an eng Kraftstroumzentral ëmgebaut gouf, an haut nach funktionéiert, a vum Rescht vun der Uertschaft, zwéi Bauerenhäff, vun der Eisebunn gedeelt ass, iwwer déi eng Barriär an e getrennte Foussgängerpassage féiert.

Fréier stoung op der anerer Säit vun der Uelzecht vis-à-vis vun Essen d'Uertschaft Hilbach mam Hilbacherhaff, Plazen, déi nom Éischte Weltkrich verschwonne sinn.

Remove ads

Biller

Kuckt och

Um Spaweck

 Commons: Essen – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen

  1. D'Donnéeën déi d'Fläch vun enger Gemeng oder enger Uertschaft betreffen, sou wéi s'an dësem Artikel stinn entspriechen deenen aus der Datebank vum Kadaster um Stand vum 25. September 2009.
Loading related searches...

Wikiwand - on

Seamless Wikipedia browsing. On steroids.

Remove ads