Dromedar

From Wikipedia, the free encyclopedia

Dromedar
Remove ads

Den Dromedar (Camelus dromedarius), och alt Arabescht Kaméil genannt, ass eng Mamendéierenaart aus der Gattung Camelus bannent der Famill vun de Kaméiler (Camelidae). En ass a groussen Deeler vun Asien an Afrika verbreet, wou en als Notz- an Drovéi gehale gëtt. A senger Wëllform ass en ausgestuerwen.

Méi Informatiounen Systematik, Wëssenschaftlechen Numm ...

Si hunn ee Bockel, wat se vum Kaméil (...), dat der zwéin huet, ënnerscheet. Vu Kapp bis Hënner kënne se 2,3 bis 3,4 Meter laang ginn, bei enger Schëllerhéicht vun 1,8 bis 2,3 Meter an engem Gewiicht vun 300 bis 700 Kilogramm. Si hunn e laangen Hals, op deem e laanggezunne Kapp sëtzt. Hir Féiss hunn, wéi all Kaméilen (och Lama, Alpaka, Vikunja, Guanako a Südamerika), zwou Zéiwen, déi amplaz Houf eng Zort Polsteren hunn. Hire Mo besteet aus méi Kummeren, wat hinnen et méi einfach mécht, de Planzekascht ze verdauen.

Thumb
Dromedare in der Wüst (Wadi Rum)

Si sinn dem dréchene Klima ugepasst a kënnen a Wüstegéigende liewen. Si komme laang ouni Waasser aus, well se dat am Kierper späichere kënnen. Hiren Höcker huet Fettreserven, aus där wann néideg Energie gewonne ka ginn.

Thumb
Verbreedung
Remove ads

Literatur

  • E. Mukasa-Mugerwa: The Camel (Camelus Dromedarus): A Bibliographical Review. International Livestock Centre for Africa, Addis Abeba 1981, ISBN 92-9053-013-8.
  • Ilse U. Köhler-Rollefson: Camelus dromedarius. In: Mammalian Species. 375, 1991, S. 1–8, doi:10.2307/3504297.

Um Spaweck

 Commons: Dromedar – Biller, Videoen oder Audiodateien
Loading related searches...

Wikiwand - on

Seamless Wikipedia browsing. On steroids.

Remove ads