Eurovision Song Contest 1987
32. Eurovision Song Contest From Wikipedia, the free encyclopedia
Remove ads
Den 32. Eurovision Song Contest war den 9. Mee 1987 an der Belsch. Organiséiert gouf d'Eurovisioun dat Joer am Palais du Centenaire zu Bréissel. Presentatrice war d'Viktor Lazlo.

Fir déi éischt Kéier hunn am Ganzen 22 Länner matgemaach, sou vill wéi nach ni virdrun. Malta a Monaco waren net dobäi. De Maximum vu Länner déi matmaachen däerfen ass dunn och vun den Organisateuren op 22 festgesat ginn.
Verschidde Sänger ware scho virdru mol eng Kéier dobäi, de Gary Lux fir Éisträich 1983 (Deel vu Westend) a 1985, d'Alexia fir Zypern 1981 (Deel vun Island), d'Grupp Wind fir Däitschland 1985 an de Johnny Logan fir Irland 1980.
D'Reegel fir d'Ofstëmmung ass d'selwecht bliwwe wéi déi Jore virdrun: An all Land huet eng Jury 12, 10, 8, 7, 6, 5, 4, 3, 2 an 1 Punkt un déi zéng bescht Lidder verginn. D'Resultater si per Telefon op Bréissel matgedeelt ginn.
Déi éischt Plaz krut de Vertrieder vun Irland, de Johnny Logan mat 31 Punkte Virsprong virum Grupp Wind (Däitschland). Déi drëtt Plaz krut den Duo Umberto Tozzi a Raf, déi fir Italien ugetruede waren.
Fir Irland war et déi drëtt Kéier datt et de Grand Prix gewonnen hat, zweemol dovun de Johnny Logan (déi éischt Kéier 1980). De Johnny Logan hat dës Kéier d'Lidd och selwer geschriwwen.
Remove ads
Klassement
Remove ads
Um Spaweck
![]() |
Commons: Eurovision Song Contest 1987 – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Wikiwand - on
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Remove ads