Eurovision Song Contest 2007

52. Eurovision Song Contest From Wikipedia, the free encyclopedia

Eurovision Song Contest 2007
Remove ads

Den 52. Eurovision Song Contest war den 10. an den 12. Mee 2007 a Finnland. Organiséiert gouf d'Eurovisioun dat Joer an der Hartwall Areena zu Helsinki. Presentateure waren d'Jaana Pelkonen, de Mikko Leppilampian d'Krisse Salminen.

Méi Informatiounen 52. Eurovision Song Contest ...
Thumb
Hartwall Arrena
Thumb
D'Gewënnerin Marija Šerifović

Tschechien, Montenegro, Serbien a Georgie sinn nei derbäikomm. Lëtzebuerg huet scho wéi déi 13 Joer virdru fräiwëlleg drop verzicht fir matzemaachen. Och Italien, d'Slowakei, a Monaco hu fräiwëlleg net matgemaach. Am Ganzen hunn 42 Länner matgemaach, obwuel d'EBU eigentlech de maximale Limit op 40 geluecht hat.

Verschidden Interprete ware scho virdrun emol eng Kéier dobäi, d'Evridiki fir Zypern 1992 an 1994, den Eiríkur Hauksson fir Island 1986 (Deel vum Grupp ICY) an 1991 (Deel vum Grupp Just 4 Fun, fir Norwegen), d'Karolina Gočeva fir d'Republik Mazedonien 2002 an d'Edsilia Rombley fir Holland 1998.

Zanter 2004 gëtt et zwee, resp. dräi Deeg virun der Finall eng Qualifikatiounsronn, aus där déi zéng Éischtplazéiert d'Finall erreechen. Véierzéng weider Länner si scho fir d'Ennronn qualifizéiert gewiescht: déi Beschtplazéiert vum Virjoer souwéi déi Grouss Véier (Big-4) vun der European Broadcasting Union (Däitschland, Frankräich, Groussbritannien a Spuenien.

D'Reegel fir d'Ofstëmmung ass d'selwecht bliwwe wéi déi Jore virdrun. Och dëst Joer ass den Televoting duerch d'Spectateure vun alle Länner benotzt ginn fir ofzestëmmen. Bal 9 Millioune Stëmme sinn europawäit erakomm, per Telefon oder SMS. All Land huet duerch d'Ofstëmmung 12, 10, 8, 7, 6, 5, 4, 3, 2 an 1 Punkt un déi zéng bescht Lidder verginn. D'Resultater si per Telefon op Helsinki matgedeelt ginn. D'Länner hunn alleguer, souwuel an der Halleffinall, wéi och an der Finall däerfen ofstëmmen.

Et war déi éischt Kéier datt de Grand Prix an HD-Qualitéit ausgestraalt ginn ass.

Déi éischt Plaz krut d'Vertriederin vu Serbien, d'Marija Šerifović mat 13 Punkte Virsprong virum Wjerka Serdjutschka (Ukrain). Déi drëtt Plaz krut d'Grupp Serebro, déi fir Russland ugetruede war.

Fir Serbie war et déi éischt Kéier datt et de Grand Prix gewonnen hat.

2007 huet den Organisateur (d'EBU) eng sougenannten Winnerstour agefouert. Zur besserer Promotioun vum Gewënnertitel gouf fir de Gewënner eng Tournee duerch Dänemark, Schweden, Griicheland, Däitschland, Holland a Spuenien organiséiert an dofir ass souguer e Privatjet zur Verfügung gestallt ginn.

Remove ads

Halleffinall

Déi Länner déi net automatesch fir d'Finall qualifizéiert ware sinn den 10. Mee an enger Halleffinall géinteneen ugetrueden. Déi zéng bescht (an der Tabell gréng duergestallt) hu sech fir d'Finall qualifizéiert. D'Punkteverdeelung ass eréischt no der Finall bekannt gemaach ginn fir eng Beaflossung an der Finall ze vermeiden.

Méi Informatiounen Plaz, Startnr. ...
Remove ads

Finall

Méi Informatiounen Plaz, Startnr. ...
Remove ads

Um Spaweck

 Commons: Eurovision Song Contest 2007 – Biller, Videoen oder Audiodateien
Méi Informatiounen Athen (Griicheland), Belgrad (Serbien) ...
Loading related searches...

Wikiwand - on

Seamless Wikipedia browsing. On steroids.

Remove ads