Eurovision Song Contest 2010
55. Editioun vum europäesche Museksconcours From Wikipedia, the free encyclopedia
Remove ads
De 55. Eurovision Song Contest war de 25., 27. an den 29. Mee 2010 an Norwegen. Organiséiert gouf d'Eurovisioun dat Joer an der Telenor-Arena zu Oslo. Presentateure waren d'Nadia Hasnaoui, den Erik Solbakken an d'Haddy Jatou N'jie.

Lëtzebuerg huet scho wéi déi 16 Joer virdru fräiwëlleg drop verzicht fir matzemaachen. Och Italien, Andorra, San Marino, Montenegro, Tschechien, Ungarn, Éisträich a Monaco hu fräiwëlleg net matgemaach. Am Ganzen hunn 39 Länner matgemaach.
Verschidden Interprete ware scho virdrun emol eng Kéier dobäi, d'Grupp Feminnem fir Kroatien 2005 (fir Bosnien an Herzegowina) an d'Niamh Kavanagh fir Irland 1993 (Gewënner).
Zanter 2008 gëtt et e puer Deeg virun der Finall zwou Halleffinallen, aus deenen déi zéng Éischtplazéiert d'Finall erreechen. Fënnef weider Länner si scho fir d'Finall qualifizéiert gewiescht: déi Grouss Véier (Big-4) vun der European Broadcasting Union (Däitschland, Frankräich, Groussbritannien a Spuenien) an och d'Land dat d'Organisatioun iwwerholl huet, an dësem Joer Norwegen.
Déi gemëschten Ofstëmmung mat 50 % duerch den Televoting vun de Spectateure vun alle Länner a 50 % duerch eng national Jury ass weiderhi benotzt ginn an elo och fir d'Halleffinallen iwwerholl ginn. An den Halleffinalle sinn déi 10 bescht Länner an d'Finall weiderkomm. Am Joer virdru war dat nëmme fir déi néng bescht Länner de Fall, dat zéngte Land ass duerch eng Jury bestëmmt ginn. All Land huet duerch d'Ofstëmmung 12, 10, 8, 7, 6, 5, 4, 3, 2 an 1 Punkt un déi zéng bescht Lidder verginn. D'Resultater si per Telefon op Oslo matgedeelt ginn.
Déi éischt Plaz krut d'Vertriederin vun Däitschland, d'Lena Meyer-Landrut mam Lidd Satellite mat 76 Punkte Virsprong virum Grupp maNga (Tierkei). Déi drëtt Plaz krut den Duo Paula Seling & Ovi, déi fir Rumänien ugetruede waren.
Fir Däitschland war et déi zweet Kéier datt et de Grand Prix gewonnen hat.
Remove ads
Halleffinallen
1. Halleffinall
Déi éischt Halleffinall war de 25. Mee 2010.
Déi genee Punkteverdeelung ass eréischt no der Finall bekannt gemaach ginn fir eng Beaflossung an der Finall ze vermeiden. Ofstëmmungsberechtegt bei dëser Halleffinall waren d'Länner déi dobäi waren an zousätzlech Frankräich, Däitschland a Spuenien.
2. Halleffinall
Déi zweet Halleffinall war de 27. Mee 2010.
Déi genee Punkteverdeelung ass eréischt no der Finall bekannt gemaach ginn fir eng Beaflossung an der Finall ze vermeiden.
Ofstëmmungsberechtegt bei dëser Halleffinall waren d'Länner déi dobäi waren an zousätzlech Groussbritannien an Norwegen.
Remove ads
Finall
D'Finall war den 29. Mee 2010.
Déi 25 Länner an der Finall waren:
- Déi "Grouss 4" (Big-4) Frankräich, Däitschland, Spuenien a Grousbritannien
- D'Gaaschtland, Norwegen
- Déi bescht 10 Länner aus der éischter Halleffinall
- Déi bescht 10 Länner aus der zweeter Halleffinall
Am Fall vu Punktegläichheet op der éischter Plaz sollt dee mat der héchster Eenzelwäertung gewannen.
Ofstëmmungsberechtegt bei der Finall waren all 39 Länner déi matgemaach haten.
Remove ads
Um Spaweck
![]() |
Commons: Eurovision Song Contest 2010 – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen
Wikiwand - on
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Remove ads