Eurovision Song Contest 2011
56. Editioun vum europäesche Museksconcours From Wikipedia, the free encyclopedia
Remove ads
De 56. Eurovision Song Contest hat seng zwou Halleffinallen den 10. an 12. Mee, a seng Finall de 14. Mee 2011 an der Düsseldorf Arena zu Düsseldorf (Däitschland). Presentateure waren d'Anke Engelke, d'Judith Rakers an de Stefan Raab.
Verschidden Interprete ware scho virdru mol eng Kéier dobäi, den Dino Merlin fir Bosnien an Herzegowina 1999, d'Lena fir Däitschland 2010, d'Sophio Toroschelidse (Deel vun Eldrine) fir Georgien 2010 (Begleedung vu Sopho Nijaradse), de Gunnar Ólafsson (Deel vu Sigurjón's Friends) fir Island 2001 (deel vun Two Tricky), d'Dana International fir Israel 1998, de Vlatko Ilievski fir d'Republik Mazedonien 2005 (Begleedung vum Martin Vučić), d'Grupp Zdob și Zdub fir Moldawien 2005 an d'Twiins fir d'Slowakei 2008 (Begleedung vum Tereza Kerndlová).
D'Reegel fir d'Ofstëmmung ass d'selwecht bliwwe wéi déi Jore virdrun. All Land huet duerch d'Ofstëmmung 12, 10, 8, 7, 6, 5, 4, 3, 2 an 1 Punkten un déi zéng bescht Lidder verginn. 50 % vun de Stëmme si mat Televoting an déi aner 50 % vun enger professioneller Jury vu 5 Leit bestëmmt ginn. D'Resultater si per Telefon op Düssledorf matgedeelt ginn.
Bei den Halleffinalle si jeeweils déi 10 bescht klasséiert Länner an d'Finall weiderkomm. Bei der Finall ware 25 Länner dobäi, 20 dovu sinn duerch d'Halleffinalle bestëmmt ginn, déi aner 5 waren Däitschland, Frankräich, Groussbritannien, Spuenien an Italien, déi duerch hire finanzielle Bäitrag fir d'Organsisatioun d'Recht hunn, direkt bei der Finall matzemaachen. Ausserdeem war Däitschland och dat Land, wat d'Organisatioun iwwerholl hat, an hat doduerch eng duebel Berechtigung.
Gewonnen huet den Titel Running Scared, gesonge vum Ell & Nikki aus Aserbaidjan mat 32 Punkte Virsprong virum Raphael Gualazzi, (Italien). Op déi drëtt Plaz koum den Eric Saade aus Schweden.
Fir Aserbaidjan war et déi éischt Kéier datt et de Grand Prix gewonnen hat.


Remove ads
Halleffinallen
Éischt Halleffinall
Éischt Halleffinall vum 10. Mee 2011: Ofstëmmungsberechtegt bei dëser Halleffinall waren d'Länner déi dobäi waren an zousätzlech Spuenien a Groussbritannien. Déi genee Placéierunge vun den eenzele Länner sinn eréischt no der Finall bekannt gemaach ginn fir eng Beaflossung op d'Ofstëmmung bei der Finall ze vermeiden.
Zweet Halleffinall
Zweet Halleffinall vum 12. Mee 2011: Ofstëmmungsberechtegt bei dëser Halleffinall waren d'Länner déi dobäi waren an zousätzlech Däitschland, Frankreich an Italien. Déi genee Placéierunge vun den eenzele Länner sinn eréischt no der Finall bekannt gemaach ginn, fir eng Beaflossung op d'Ofstëmmung bei der Finall ze vermeiden.
Remove ads
Finall
Finall vum 14. Mee 2011: Ofstëmmungsberechtegt bei der Finall waren déi 43 Länner déi beim Grand Prix matgemaach haten.
Remove ads
Um Spaweck
![]() |
Commons: Eurovision Song Contest 2011 – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen
Wikiwand - on
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Remove ads