Eurovision Song Contest 2012

57. Editioun vum europäesche Museksconcours From Wikipedia, the free encyclopedia

Eurovision Song Contest 2012
Remove ads

De 57. Eurovision Song Contest hat seng zwou Halleffinallen den 22. a 24. Mee, a seng Finall de 26. Mee 2012 an der Crystal Hall an der aserescher Haaptstad Baku. Presentateure waren den Eldar Qasımov, d'Leyla Aliyeva an d'Nargiz Berk-Petersen.

Méi Informatiounen 57. Eurovision Song Contest ...
Thumb
D'Gewënnerin Loreen
Thumb
Baku Crystal Hall mat der Eurovisiounsbün

Lëtzebuerg huet scho wéi déi 18 Joer virdru fräiwëlleg drop verzicht fir matzemaachen. Och Andorra, Polen, Tschechien, Armenien a Monaco hu fräiwëlleg net matgemaach. Am Ganzen hunn 42 Länner matgemaach.

Verschidden Interprete ware scho virdrun emol eng Kéier dobäi, d'Kaliopi fir d'Republik Mazedonien 1996 (Qualifikatiounsronn), de Jónsi fir Island 2004, de Željko Joksimović fir Serbien 2004 (Serbien-Montenegro) an den Duo Jedward fir Irland 2011.

Zanter 2008 gëtt et e puer Deeg virun der Finall zwou Halleffinallen, aus deenen déi zéng Éischtplazéiert d'Finall erreechen. Sechs weider Länner si scho fir d'Finall qualifizéiert gewiescht: déi Grouss Fënnef (Big-5) vun der European Broadcasting Union (Däitschland, Frankräich, Groussbritannien, Italien a Spuenien) an och d'Land dat d'Organisatioun iwwerholl huet, an dësem Joer Aserbaidjan.

Déi gemëschten Ofstëmmung mat 50 % duerch den Televoting vun de Spectateure vun alle Länner a 50 % duerch eng national Jury ass weiderhi souwuel fir d'Halleffinalle wéi och fir d'Finall benotzt ginn. An den Halleffinalle sinn déi 10 bescht Länner an d'Finall weiderkomm. All Land huet duerch d'Ofstëmmung 12, 10, 8, 7, 6, 5, 4, 3, 2 an 1 Punkt un déi zéng bescht Lidder verginn. D'Resultater si per Telefon op Baku matgedeelt ginn.

Déi éischt Plaz krut d'Vertriederin vu Schweden, d'Loreen mam Lidd Euphoria mat 113 Punkte Virsprong virum Grupp Buranowskije Babuschki (Russland). Euphoria krut mat 372 Punkten déi zweethéchste Punktzuel an der Geschicht vum ESC, no den 387 fir dem Alexander Rybak säi Lidd Fairytale am Joer 2009. Déi drëtt Plaz krut de Željko Joksimović, dee fir Serbien ugetruede war.

Fir Schweden war et déi fënneft Kéier datt et de Grand Prix gewonnen hat.

Remove ads

Halleffinallen

1. Halleffinall

Déi éischt Halleffinall war den 22. Mee 2012.

Déi genee Punkteverdeelung ass eréischt no der Finall bekannt gemaach ginn fir eng Beaflossung an der Finall ze vermeiden. Ofstëmmungsberechtegt bei dëser Halleffinall waren d'Länner déi dobäi waren an zousätzlech Italien, Aserbaidjan a Spuenien.

Méi Informatiounen Startnr., Land ...

2. Halleffinall

Déi zweet Halleffinall war de 24. Mee 2012.

Déi genee Punkteverdeelung ass eréischt no der Finall bekannt gemaach ginn fir eng Beaflossung an der Finall ze vermeiden. Ofstëmmungsberechtegt bei dëser Halleffinall waren d'Länner déi dobäi waren an zousätzlech Frankräich, Däitschland a Groussbritannien.

Méi Informatiounen Startnr., Land ...
Remove ads

Finall

D'Finall war de 26. Mee 2012.

Déi 26 Länner an der Finall waren:

  • Déi "Grouss 5" (Big-5) Frankräich, Däitschland, Spuenien, Italien a Grousbritannien
  • D'Gaaschtland, Aserbaidjan
  • Déi bescht 10 Länner aus der éischter Halleffinall
  • Déi bescht 10 Länner aus der zweeter Halleffinall

Am Fall vu Punktegläichheet sollt dee mat der héchster Eenzelwäertung gewannen.

Ofstëmmungsberechtegt bei der Finall waren all 42 Länner déi matgemaach haten.

Méi Informatiounen Plaz, Startnr. ...
Remove ads

Weideres

  • Déi 86-järeg (Eurovision.tv schwëtzt awer just vu 77 Joer) Jelisaweta Sarbatova aus der russescher Grupp Buranowskije Babuschki ass déi bis ewell eelste fir en Eurovision Song Contest nominéiert Persoun. Virdru war dat de kroatesche Rapper 75 Cents, deen am Joer 2008 als 75-Järegen opgetratt ass. D'Sarbatova ass 70 (61) Joer méi al wéi déi jéngst Participantin vun dësem Joer, déi 16-järeg Eva Boto aus Slowenien.
  • D'"Bomen aus Buranowo" presentéieren deen éischten Eurovision-Song-Contest-Bäitrag op Udmurtesch. Och Georgesch an Aserbaidjanesch héiert ee fir d'alleréischt Kéier op enger ESC-Bün (och wann Aserbaidjanesch just an engem eenzege Saz am bulgaresche Bäitrag Love Unlimited virkënnt).
  • Nodeem datt den aseresche President Ilcham Alijew Enn Februar 2012 d'Armenier als "Feinde" bezeechent huet (tëscht deenen zwee Länner gëtt et e brécklege Waffestëllstand wéinst dem Sträit ëm d'Regioun Biergkarabach), huet den armeenesche Sender de 7. Mäerz 2012 matgedeelt, datt Armenien dëst Joer seng Participatioun um Eurovision Song Contest zeréckzitt.

Um Spaweck

 Commons: Eurovision Song Contest 2012 – Biller, Videoen oder Audiodateien
Méi Informatiounen Düsseldorf (Däitschland), Malmö (Schweden) ...

Referenzen

    Loading related searches...

    Wikiwand - on

    Seamless Wikipedia browsing. On steroids.

    Remove ads