Folscht
Uertschaft an der Gemeng Rammerech From Wikipedia, the free encyclopedia
Remove ads
Folscht (lokal: Foulscht[2]) ass eng Uertschaft an der Gemeng Rammerech.
Remove ads
Geographie
Folscht läit tëscht Hueschtert am Südwesten, Proz am Südosten, Éischt am Nordosten a Rammerech am Nordwesten.
Geschicht
Vum 1. Januar 1979 un ass d'Gemeng Folscht duerch d'Gesetz vum 27. Juli 1978 iwwer d'Fusioun vun de Gemengen Ueschdref, Bungeref a Pärel an d'Fusiounsgemeng Rammerech agegliddert ginn.
Fréier Gemeng Folscht
Bis den 31. Dezember 1978 war Folscht den Haaptuert vun der Gemeng Folscht, an där d'Dierfer Folscht, Hueschtert, Éischt a Rammerech regruppéiert waren.
Uertschaften a Lieu-diten an der fréierer Gemeng[3]
- Uertschaften an der fréierer Gemeng:
- Éischt
- Folscht
- Hueschtert
- Rammerech
- Kietscht
- Schwiddelbruch
- Lieu-diten an der fréierer Gemeng:
Kuckeswäertes
- Kierch vu Folscht
- Op 46 an der Rue Principale steet d'Gebuertshaus vum Nic Scholer, de Grënner vun de "Grands Magasins Monopol Scholer".
- D'Grott am Bësch, e klengen Altor, deen aus dem Zweete Weltkrich staamt.
Veräinsliewen
- Chorale Folschette
- DT Hueschtert-Folscht
- Fanfare Union Folschette ASBL
- Folschter Bëschflitzer
- Folschter Keelegecken 05
- Foulschter Theaterkäpp
- Fraen aus der Par Folscht
- Gaart an Heem (Ligue Luxembourgeoise du Coin de Terre et du Foyer), Sektioun Folscht - Hueschtert - Éischt
- Jongen a Meedercher vu Folscht, Hueschtert an Éischt
- Union Sportive Folschette ASBL
Kuckt och
Um Spaweck
| Commons: Folscht – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- Websäit vun der Gemeng Rammerech
- Mémorial A n° 46 vum 1. August 1978 betreffend d'Fusioun vun de Gemengen Ueschdref, Bungeref, Folscht a Pärel
- Wou der Däiwel ass...? Folscht: Irina Figut, Ein "Kouduerf" und tiefe Provinz? Die Folscheider haben mehr zu bieten, wort.lu [€], 01.09.2024, gekuckt den 28.10.2025
Referenzen
- Websäit vun der Gemeng
- Lëscht vun den Uertschaften a Lieu-diten zu Lëtzebuerg. CPLL - Conseil permanent de la langue luxembourgeoise Archivéiert den 11.08.2020. Gekuckt de 14.06.2020.
- D'Nimm vun den Uertschaften entspriechen deenen déi de Kadaster, unhand vu sengen Attributiounen déi am Gesetz vum 25. Juli 2002 portant réorganisation de l’administration du cadastre et de la topographie festgehale sinn, opgestallt huet, an déi am «Registre national des localités et des rues» opgezielt sinn. Häff a Lieu-diten sinn déi localités wéi se zousätzlech am Annuaire officiel d'Administration et et de législation 2000 ënner III. Annexes opgelëscht sinn.
Remove ads
Wikiwand - on
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Remove ads
