Frank Shu

amerikaneschen Astronom From Wikipedia, the free encyclopedia

Frank Shu
Remove ads

De Frank Shu (chineesesch: 徐遐生), gebuer den 2. Juni 1943 zu Kunming, ass en US-amerikaneschen Astrophysiker mat chineesescher Ofstamung.

op ee Bléck Gebuertsnumm, Gebuer ...

De Shu gouf am chineesesche Kunming gebuer a koum mat sechs Joer an d'Vereenegt Staaten, wou hien zu Chicago an zu West Lafayette opgewuess ass. Hie krut 1963 de Bachelor a Physik am Massachusetts Institute of Technology. Den Doktorgrad an der Astronomie koum 1968 op der Harvard Universitéit derbäi. Duerno huet hie fënnef Joer op der SUNY Stony Brook geléiert. De Shu war vun 1973 bis 2002 Professer op der University of California, Berkeley, an huet do d'Astronomie-Departement vun 1984 bis 1988 geleet. Vun 2002 bis 2006 war hie President vun der National Tsing Hua University an der Taiwan. Zanter 2006 ass hien op der University of California, San Diego, an zanter 2009 emeritéierte Professer.

Vun 1994 bis 1996 war de Shu President vun der American Astronomical Society (AAS).

De Shu huet als Theoreetiker un Theeme wéi den Urspronk vu Meteoritten, Genesis a fréi Entwécklung vu Stären, Massentransfer an enke Duebelstären an d'Struktur vu Spiralgalaxië geschafft. Als Student hat hie mam Chia-Chiao Lin déi als Dichtewellentheorie bekannt Theorie vun de Spiraläerm a Galaxien entwéckelt. 1977 huet hien e Modell fir d'Genesis vun engem Stär duerch e Kollaps vun enger sphärescher Gaswollek am Kär vun enger Moleküllwollek publizéiert.

Remove ads

Schrëften (Auswiel)

  • The Physical Universe: An Introduction to Astronomy. University Science Books, Mill Valley 1982, ISBN 0-935702-05-9.

Éierungen

Remove ads

Kuckt och

Portal Astronomie

Um Spaweck

Loading related searches...

Wikiwand - on

Seamless Wikipedia browsing. On steroids.

Remove ads