Gabrielle
weibleche Virnumm From Wikipedia, the free encyclopedia
Remove ads
Gabrielle ass am franséischsproochege Raum a ronderëm e geleefege weibleche Virnumm. Et ass eng weiblech Form vu Gabriel. Seele gëtt et en och als Familljennumm.
| Dësen Artikel beschäftegt sech mat dem Virnumm Gabriel. Fir aner Bedeitungen, kuckt wgl. Gabriel (Homonymie). |
Remove ads
Ursprong a Bedeitung vum Numm
Gabriel (hebräesch: גַּבְרִיאֵל / Gavri'EL „Gott ass meng Stäerkt“ oder och „de Männlechen / de Staarken duerch Gott“) setzt sech aus den hebräesche Wierder Gavri (גברי) an EL ( אל) zesummen. Dat éischt bedeit esouvill wéi „Männlechkeet“ oder „männlech Stäerkt“ an dat zweet ass de Singular vum hebräeschen ELOHIM.
Namensdag
D'Gabrielle huet hiren Namensdag den 29. September, als Referenz un de Äerzengel Gabriel.
Varianten an Ofkierzungen
Varianten am Lëtzebuergesche sinn: Gab(b)i, Gab(b)y[1].
An anere Sprooche gëtt et eng sëllege Varianten, sou wéi och an hiren Diminutiv- oder Affektivformen, sou z B.: Gabriella, Gabriela, Gabrijela, Gabriëlle.
D'männlech Forme sinn: Gabriel, Gawril, Gavriel, Gavriil, Gavril, Gavrilo, Gavrile, Gavro, Gavrilă (an osteuropäeschen, orthodoxe Länner), Gábor (an Ungarn), Djibril resp. Cebrail (an arabesche Länner resp. der Tierkei), Gabriele (an Italien).
Leit mam Numm Gabrielle
Gabrielle als Virnumm
- Gabrielle Chasnel (1883-1971), bekannt als Coco Chanel
- Gabrielle Dorziat (1880–1979), franséisch Schauspillerin
- Gabrielle d'Estrées (1573–1599), kinneklech Maîtresse
- Gabrielle Fontan (1873-1959), franséisch Schauspillerin
- Gabrielle Petit (1893–1916), belsch Spiounin a Resistenzlerin
Gabrielle als Familljennumm
- Henry Gabrielle (1887-1968), franséischen Dokter
- Lea Gabrielle (*1975), US-amerikanesch Journalistin a Marinnpilotin
- Tati Gabrielle (*19), US-amerikanesch Schauspillerin
Remove ads
Kuckt och
- De Familljennumm Gabrielle
- Gabriele - Gabriel - Gabriella - Gabriela
Um Spaweck
| Commons: Virnumm Gabrielle – Biller, Videoen oder Audiodateien |
| Commons: Familljennumm Gabrielle – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen an Notten
- Actioun Lëtzebuergesch - Eis Sprooch - Virnimm. www.actioun-letzebuergesch.lu. Gekuckt den 18.10.2023.
Wikiwand - on
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Remove ads