Gabriel

männleche Virnumm From Wikipedia, the free encyclopedia

Remove ads

Gabriel ass e männleche Virnumm an och e Familljennumm.

Dësen Artikel beschäftegt sech mat dem Virnumm Gabriel. Fir aner Bedeitungen, kuckt wgl. Gabriel (Homonymie).
op ee Bléck Geschlecht, Namensdag ...
Remove ads

Ursprong a Bedeitung vum Numm

Gabriel (hebräesch: גַּבְרִיאֵל / Gavri'EL „Gott ass meng Stäerkt“ oder och „de Männlechen / de Staarken duerch Gott“) setzt sech aus den hebräesche Wierder Gavri (גברי) an EL ( אל) zesummen. Dat éischt bedeit esouvill wéi „Männlechkeet“ oder „männlech Stäerkt“ an dat zweet ass de Singular vum hebräeschen ELOHIM.

Namensdag

De Gabriel huet säin Namensdag den 29. September, als Referenz un de Äerzengel Gabriel.

Varianten an Ofkierzungen

Varianten am Lëtzebuergesche sinn: Gab, Gabb, Gabbes[1].

An anere Sprooche gëtt et eng sëllege Varianten, sou wéi och an hiren Diminutiv- oder Affektivformen, sou z B.: Gawril, Gavriel, Gavriil, Gavril, Gavrilo, Gavrile, Gavro, Gavrilă (an osteuropäeschen, orthodoxe Länner), Gábor (an Ungarn), Djibril resp. Cebrail (an arabesche Länner resp. der Tierkei), Gabriele (an Italien).

D'weiblech Forme sinn: Gabrielle, Gabriele, Gabriella, mat de Kuerzforme Gabi, Gaby.

Leit mam Numm Gabriel

Gabriel als Virnumm

Gabriel als Familljennumm

Remove ads

Kuckt och

  • De Familljennumm Gabriel
  • Gabriele - Gabrielle - Gabriella - Gabriela

Um Spaweck

 Commons: Virnumm Gabriel – Biller, Videoen oder Audiodateien
 Commons: Familljennumm Gabriel – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten

  1. Actioun Lëtzebuergesch - Eis Sprooch - Virnimm. www.actioun-letzebuergesch.lu. Gekuckt den 18.10.2023.
Loading related searches...

Wikiwand - on

Seamless Wikipedia browsing. On steroids.

Remove ads