Gousseldeng
lëtzebuergesch Uertschaft an der Gemeng Lëntgen From Wikipedia, the free encyclopedia
Remove ads
Gousseldeng (lokal: Goussel[1]) ass eng Uertschaft an der Gemeng Lëntgen.

Remove ads
Geschicht
Gousseldeng gëtt 940 fir d'éischt an engem offiziellen Dokument genannt.[2]
Architektonesche Patrimoine
Den Haaptdeel vum architektonesche Patrimoine läit am historeschen Zentrum vu Gousseldeng. Bemierkenswäert ass, datt déi éischt Kapell vu Gousseldeng, zesumme mam Paschtoueschhaus, direkt op der Kräizung vun der route de Mersch mat der rue des Forêts louch[3]. Déi nei Kierch aus dem 19. Joerhonnert gouf knapp honnert Meter méi südlech, op der selwechter Stroossesäit gebaut. Ronderëm dëst Gebai leien déi denkmalwürdeg Gebaier, meeschtens landwirtschaftlech Kulturgidder.[4]
- Wunnhaus vum Véierkanthaff Miergen 96, route de Mersch
- Wunnhaus 113, route de Mersch
- Bildstack 86, route de Mersch
Remove ads
Geographie
Gousseldeng läit Loftlinn ronn ee Kilometer nordwestlech vum Chef-lieu Lëntgen am Dall vun der Uelzecht, déi ëstlech vum Duerf fléisst. Vum Duerfzentrum aus leeft den CR101 (route de Schoenfels) a Richtung Westen op Schëndels. Am Géigesaz zu den aneren Dierfer an der Gemeng, Pretten a Lëntgen, leien déi meescht Gebaier op der Haaptstrooss (route de Mersch, CR101 am südlechen an CR123 am nërdlechen Deel) déi op Miersch féiert.
Westlech vum Duerf läit den Hiwwel vum Gousseldenger Bësch, wou eng Grott aus dem Joer 1945 dokumentéiert ass. Zënter 2007 leeft och e groussen Deel vum 2.695 Meter laangen Tunnel Gousseler Bierg vun der Autobunn A7 duerch den Hang.[4]
Remove ads
Demographie
An der Gemeng Lëntgen hunn den 1. Mäerz 2012 2.700 Leit gewunnt, dovu 516 an der Uertschaft Gousseldeng[5], dat sinn 19,1 % vun der gesamter Gemengepopulatioun. Dobäi waren d'Lëtzebuerger mat 69 % (356 Persounen) déi am meescht vertrueden Nationalitéit, virun de Portugise mat 15,3 % (79 Persounen), de Fransouse mat 3,1 % (16 Persounen) an den Däitsche mat 1,9 % (10 Persounen).
Kuckt och
Um Spaweck
| Commons: Gousseldeng – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen
- Lëscht vun den Uertschaften a Lieu-diten zu Lëtzebuerg. CPLL - Conseil permanent de la langue luxembourgeoise Archivéiert den 11.08.2020. Gekuckt de 14.06.2020.
- LINTGEN B 1 (PNG). Kataster Urpläne. acts3.geoportail.lu. Gekuckt den 11.11.2025.
- (de) Inventar der Baukultur im Großherzogtum Luxemburg, Gemeinde Lintgen (PDF) S. 21-23. inpa.public.lu. Gekuckt den 11.11.2025.
- lintgen.lu: La commune en chiffres (gekuckt den 13. Januar 2013)
Remove ads
Wikiwand - on
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Remove ads
