Helperknapp

Lieu-dit an archeologesch Fondplaz zu Lëtzebuerg From Wikipedia, the free encyclopedia

Helperknapp
Remove ads

Den Helperknapp oder einfach Helpert[1], ass e Lieu-dit an e klengen Zeiebierg[2] ëstlech vun der Uertschaft Bëschdref, an der Gemeng Helperknapp.

Dësen Artikel beschäftegt sech mat der Knupp a Lieu-dit Helperknapp. Fir d'Gemeng mat deem Numm, kuckt wgl. Gemeng Helperknapp.
op ee Bléck Helperknapp Helpert, Aussprooch ...

Den Helperknapp steet zanter dem 20. Januar 1939 op der Lëscht vun de klasséierte Monumenter[3].

Remove ads

Geographie

Den Helperknapp läit an der Sektioun Bëschdref vun der Gemeng Helperknapp, den héchste Punkt läit op 393 Meter.

Um CR114, bei der südlechen Afaart an d'Uertschaft Gréiweknapp féiert e goudronéierte Wee (ca. 850 m) duerch de Bësch bis op den Helperknapp.

Aner Nimm

Iwwer d'Joerhonnerte gouf den Helperknapp och nach ënner dësen Bezeechnungen ernimmt: Hellichberc, Elpret, Heylberch, Hellperch, Helburch, Hellberg, Helperknopf, Mons Salutis, Monte Salutis.[4]

Wat zum Helperknapp gehéiert

Thumb
D'Gehaanskapell
Thumb
De Kräizwee
Thumb
D'Willibrorduskapell mam Helperbuer

Gehaanskapell

Op engem fréiere Kierfecht steet d'Gehaanskapell. Den Helperknapp war fréier de Sëtz vun der Par Helpert. Am 17. Joerhonnert war de Klackentuerm vun der deemoleger Parkierch d'Wunneng vun engem Eremit. Géint 1735 gouf no beim Kierfecht souguer en Haus gebaut, wou zwéin Eremitte wunne konnten[5].

 Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Gehaanskapell um Helperknapp.

Kräizwee

Westlech vun der Kapell stinn an engem Hallefkrees déi 14 Statioune vum Kräizwee.

D'Statioune goufe vun e puer Famillje vu Bëschdref finanzéiert a vum Schëndelsser Steemetzer M. Eltz realiséiert. Se goufen 1919 ursprénglech an enger Zort Allee tëscht der Kapell an der Grott opgestallt, sinn awer 1966 an déi haiteg Dispositioun geréckelt ginn[6].

Willibrorduskapell mam Helperbuer

Op 379 m Héicht entspréngt an enger klenger Grott eng Quell, déi wéinst der Willibrordusstatu niewendrun Willibrorduskapell genannt gëtt. D'Quell ass och nach als Helperbuer bekannt[7].

D'Plaz bei der Quell ass warscheinlech schonn a galloréimescher Zäit fir reliéis Zwecker benotzt ginn, jiddefalls deiten e puer Fondstécker aus der direkter Ëmgéigend dorop hin. Am 17. Joerhonnert huet den Alexander Wiltheim op där Plaz nach en Altor mat Ofbildunge vum Herkules, der Ceres an der Isis gesinn.

All Joer geet op Päischtméindeg, dem Virowend vun der Iechternacher Sprangpressessioun, eng Pressessioun zu Éiere vum Willibrord op den Helperknapp.

Legend

Der Legend no hätt den hellege Willibrord (658 – 739) selwer déi éischt Chrëschten op Helpert gedeeft. E Willibrord-Sigel aus dem 15. Joerhonnert deen op der Plaz fonnt gouf, an dee méiglecherweis gebraucht gouf fir d'Behälter mam Heelwaasser zouzemaachen, weist drop hin, datt d'Quell effektiv dem Willibrord geweit war.[4]

Geschicht

Mesolithikum (8000 – 6000 v. Chr.)

An der Ëmgéigend vun der Quell war eng Raschtplaz vun den Nomaden.[4]

Keltenzäit (7. – 1. Joerhonnert v. Chr.)

Bis ewell konnt näischt aus der Eisenzäit um Helperknapp nogewise ginn. D'Buerg nord-ëstlech vum Knapp, déi dacks am Zesummenhang mam Helperknapp ernimmt gëtt, staamt éischter aus der Zäit vum fréie Mëttelalter.[4]

Réimerzäit (ëm 50 v. Chr. – 400 n. Chr.)

Um Helperknapp konnte vill réimesch Artefakte fonnt ginn, ë. a. e Véiergëttersteen deen de Sockel vun enger Jupitersail war[4][8].

Karel de Groussen (747 / 748 – 814)

Enger Seechen no, hätt de Karel de Groussen um Helperknapp eng Halt gemaach an aus dem Buer gedronk, wouropshin hie vu senger Longentuberkulos oder – an enger anere Variant vun der So – senger Aekränkt geheelt ginn ass. Hien hätt de Helperknapp dowéinst „Hiwwel vun der Heelung“ genannt.[4]

 Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Karel de Groussen um Helperknapp.

Muselfranken (8. – 9. Joerhonnert)

Eenzel Fondstécker (Keramik, Kleederspéngelen, …) stamen aus der Karolengerzäit. D'Urspréng vun der fréimëttelalterlecher Besiidlung um Helperknapp gi bis an d'8. Joerhonnert zeréck.[4]

Fréimëttelalterlech Buerg (9. – 11. Joerhonnert)

Op der nordëstlecher Spëtzt vum Helperknapp war eng Fluchtbuerg mat enger Rëtsch Ramplien a Grief.[4]

Mëttelalterlech Siidlung (13. – 14. Joerhonnert)

Wéinst enger ganzer Partie klenge Fondstécker kann een dovun ausgoen, datt e klengt Duerf ronderëm eng Parkierch um Helperknapp bestoung.[4]

Mëttelalterlech an neizäitlech Maartplaz (13. – 19. Joerhonnert)

Um Helperknapp war all Joer um éischte Méindeg am Mee[9] e grousse Maart vun iwwerregionaler Bedeitung, wou Händler aus dem Rhäinland, Loutrengen a Flandern hir Wueren ugebueden hunn.[4]

 Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Helpermaart.

Remove ads

Nom Helperknapp genannt

"Gemeng Helperknapp" déi nei Gemeng zu Lëtzebuerg, déi den 1. Januar 2018 aus der Fusioun vun de Gemenge Béiwen-Atert an Tënten entstanen ass.[10]

Kuckt och

Um Spaweck

 Commons: Gehaanskapell – Biller, Videoen oder Audiodateien
 Commons: Kräizwee – Biller, Videoen oder Audiodateien
 Commons: Willibrordskapell – Biller, Videoen oder Audiodateien
Remove ads

Referenzen an Notten

  1. (de) Auf dem Helpert. Luxemburger Wort, 1938. Jg., nº 155&156, p. 9. (04.06.1938). Gekuckt de 14.02.2024.
  2. Informatioun um Panneau « Butte-témoin Helperknapp » op der Plaz (gekuckt am Februar 2024)
  3. (fr) Helpert, Chapelle St-Jean-Baptiste, Fontaine St-Willibrord. inpa.public.lu (12.12.2016). Gekuckt den 13.02.2024.
  4. Informatioun um Panneau « Chapelle St Jean & Grotte St Willibrord » op der Plaz (gekuckt am Februar 2024)
  5. Dësen Objet ass verschwonnen
  6. (de) Der Helperknapp, ältestes Siedlungsgebiet. In:. Luxemburger Wort, 1942. Jg., nº 338, p. 4. (04.12.1942). Gekuckt de 14.02.2024.
Remove ads
Loading related searches...

Wikiwand - on

Seamless Wikipedia browsing. On steroids.

Remove ads