Hubert Curien
From Wikipedia, the free encyclopedia
Remove ads
Den Hubert Curien, gebuer den 30. Oktober 1924 zu Cornimont, a gestuerwen de 6. Februar 2005 zu Loury bei Paräis, war e franséische Fuerschungsminister a Kristallograph.
Vun 1969 bis 1973 war hie Generaldirekter vum nationale Fuerschungszentrum CNRS.
vun 1976 bis 1984 war de Curien President vum Nationalen Zentrum fir Weltraumfuerschung (CNES) an hat d'Verantwortung fir déi franséisch Weltraumpolitik. Hie forcéiert d'Entwécklung vun der Ariane-Rakéit, wouduerch hien och als Papp vun der Ariane bezeechent gëtt.
Hie war Fuerschungsminister vun 1984 bis 1986 a vun 1988 bis 1993. Hie war ausserdeem och President vum Forum Engelberg, eng wichteg international Konferenzplattform fir d'Zesummenaarbecht vu Wirtschaft, Wëssenschaft a Politik.
Remove ads
Éierungen
Um Spaweck
Wikiwand - on
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Remove ads
