ISO 639

Standard fir d'Representatioun vun de Sproochennimm From Wikipedia, the free encyclopedia

ISO 639
Remove ads

ISO 639 ass en internationale Standard vun der International Organization for Standardization (ISO) deen d'Codë fir d'Representatioun vun de Sproochennimm ((en) language codes) definéiert. D'Sproochen hunn en eendeitege Code vun 2, 3 oder 4 Buschtawen; zum Beispill de, ger an deu si mam Däitschen associéiert.

Thumb

Déi an der Norm definéiert Codë ginn ë. a. an der Lexikographie, der Linguistik, de Bibliothéiken, den Informatiounsdéngschter an am Datenaustausch gebraucht. Se gi benotzt fir Sproochen an hir Identifikatioun an Dokumenter kloer unzeginn, goufen awer net als Ofkierzungen agefouert, well et ë. a. net ëmmer eng Änlechkeet tëscht dem Code an der Sprooch gëtt déi domat gemengt ass. De Code gëtt ëmmer mat klenge Buschtawe geschriwwen, fir e kloren Ënnerscheed tëscht dem Sproochecode an de Lännercode (grousse Buschtaf) no der ISO 3166 Norm ze maachen (z. B. LU fir Lëtzebuerg).

D'ISO-639-Sproochcodë begräifen natierlech Sproochen a Plangsproochen, awer keng Codë fir d'Maschinneveraarbechtung wéi z. B. Programméiersproochen.

Remove ads

Deelnormen

D'Norm besteet aus fënnef Deelnormen, déi tëscht 1988 an 2010 publizéiert goufen. De Projet fir e sechsten Deel (ISO 639-6) ass am Joer 2014 zeréckgezu ginn.

  • ISO 639-1 (2002) – Codes for the representation of names of languages – Part 1: Alpha-2 code
  • ISO 639-2 (1998) – Codes for the representation of names of languages – Part 2: Alpha-3 code
  • ISO 639-3 (2007) – Codes for the representation of names of languages – Part 3: Alpha-3 code for comprehensive coverage of languages
  • ISO 639-4 (2010) – Codes for the representation of names of languages – Part 4: Implementation guidelines and general principles for language coding (Erklärung fir d'Normen aus dem ISO 639 z'applizéieren; d'Norm selwer definéiert keng Coden)
  • ISO 639-5 (2008) – Codes for the representation of names of languages – Part 5: Alpha-3 code for language families and groups (Erweiderung vun de kollektiver Identifikatioun aus der ISO 639-2)
Remove ads

Beispiller

Méi Informatiounen Sprooch, 639-1 ...

Code gouf zeréckgezunn

Kuckt och

Um Spaweck

 Commons: ISO 639 – Biller, Videoen oder Audiodateien
Loading related searches...

Wikiwand - on

Seamless Wikipedia browsing. On steroids.

Remove ads