Minnesota
Bundesstaat vun den USA From Wikipedia, the free encyclopedia
Remove ads
De Minnesota ass e Staat am Mëttlere Weste vun den USA. Wéinst senge ville Séie gëtt en och als "Land vun den 10.000 Séie" bezeechent. Säin offiziellt Motto ass dat franséischt "L'étoile du nord".
| Minnesota | |||||
| |||||
| Spëtznumm: Land of 10,000 Lakes North Star State The Gopher State Agate State State of Hockey | |||||
Lëscht vun alle Bundesstaaten | |||||
| Haaptstad: | Saint Paul | ||||
| Gréisst Stad: | Minneapolis | ||||
| Gouverneur: | Tim Walz | ||||
| Fläch: - Total: - Waasser: |
Op 12. Plaz 225.181 km² 8,4 % | ||||
| Bevëlkerung: - Total: - Dicht: |
Op 22. Plaz 5.706.494 (2020)[1] 27,68/km² | ||||
| Opgeholl als Memberstaat: | 11. Mee 1858 (32ten) | ||||
| Zäitzon: | UTC-6/-5 | ||||
De Minessota ass fir seng progressiv Politik a seng héich Walbedeelegung bekannt.
Remove ads
Geographie
De Minnesota läit um Lake Superior, engem vun de fënnef groussen nordamerikanesche Séien. Am Norde grenzt de Staat un d'kanadesch Provënzen Ontario a Manitoba, am Westen un d'US-Staaten North a South Dakota, am Süden un den Iowa an am Osten un de Wisconsin. Mam Michigan deelt de Minnesota um Lake Superior eng Waassergrenz.
Mat iwwer 225.000 km2 ass de Minnesota den 12.-gréisste Staat an den USA.
Remove ads
Bevëlkerung
2015 gouf geschat, datt iwwer 5.489.000 Leit am Staat gewunnt hunn, vun deene sech 85,4 % als wäiss Amerikaner, 6 % als Afroamerikaner, 5,2 % als Hispanic/Latino, 4,9 % als asiatesch an 1,3 % als Indianer identifizéiert hunn, woubäi ee méi wéi eng Kategorie konnt uginn[1].
Mat iwwer 25.000 Persounen huet de Minnesota déi gréisst somalesch Bevëlkerung vun allen US-Staaten.[2]
Remove ads
Ekonomie
De Minessota huet eng diversifizéiert Wirtschaft. D'Duerchschnëttsakommes louch tëscht 2010 an 2014 bei 60.828 US-Dollar pro Stot an 31.642 USD op de Kapp[1].
Biller
- Vue op d'Haaptstad Saint Paul
- Sonnenënnergank iwwer engem Séi
- D'Parlament vu Minnesota
- D'Küst um Lake Superior
- D'Skyline vu Minneapolis
Um Spaweck
| Commons: Minnesota – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen
- census.gov: QuickFacts: Minnesota
- mprnews.org: Survey: Nearly 1 in 3 US Somalis live in Minnesota (14. Dezember 2010)
Wikiwand - on
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Remove ads
