Kadaster

From Wikipedia, the free encyclopedia

Kadaster
Remove ads

Am Kadaster gi sämtlech Propriétéiten, ob dat an de Stied, den Dierfer, oder um Flouer ass, opgezeechent a beschriwwen.

Dëse Geographiesartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Thumb
Kadasterplang vun enger Uertschaft
Thumb
Kadasterplang vun engem Flouer

Déi Aarbecht gëtt vun enger Staatsverwaltung gemaacch. Dat ass zu Lëtzebuerg d'Administration du cadastre et de la topographie, déi allgemeng ënner dem Numm de Kadaster bekannt ass.

Den normale Kadaster ass den "horizontale" Kadaster. Et gëtt awer och ee "vertikale Kadaster", dee benotzt gëtt fir Propriétéite festzehalen, déi op verschiddenen Niveauen iwwerenee leien, z. B. an Appartements- oder an Héichhaiser.

Den éischte Kadaster zu Lëtzebuerg, de sougenannten Urkadaster, geet op d'Zäit ënner der franséischer Herrschaft tëscht 1795 an 1815 zeréck. An der Zäit vu 1798 bis 1801 waren d'Gemenge Biermereng, Déifferdeng, an Ell vermooss ginn, fir e Prototyp vum Kadasterplang opzestellen.

En Arrêté vum 18. Juni 1801 huet bestëmmt datt all d'Gemenge sollte vermooss ginn. Déi éischt zesummenhängend Pläng waren 1811 fäerdeg.

Remove ads

Kadaster vun der Marie-Thérèse

Dacks geet och riets vum sougenannte Kadaster vun der Marie-Thérèse. Dat war awer keng Opnam am Sënn vum Kadaster mat de Pläng wéi mir en haut verstinn.

 Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Kadaster vun der Marie-Thérèse.

Kuckt och

Administration du cadastre et de la topographie

Um Spaweck

Loading related searches...

Wikiwand - on

Seamless Wikipedia browsing. On steroids.

Remove ads