Le Locle

Gemeng am Kanton Neuenburg an der Schwäiz From Wikipedia, the free encyclopedia

Le Locle
Remove ads

Le Locle ass eng Schwäizer Industriestad an Haaptuert vum District du Locle am Kanton Neuchâtel. Se huet 10.433 Awunner (Stand 31. Dezember 2016)[1] a läit am Jura, 8 km südwestlech vu La Chaux-de-Fonds, no bei der franséischer Grenz.

op ee Bléck Land, Awunner ...

1705 huet den Daniel Jean-Richard zu Le Locle mat der Produktioun vun Aueren ugefaangen an domat dës traditiounsräich Schwäizer Industrie gegrënnt. Bedeitend ass och d'Fabrikatioun vu Schockela.

De grousse Schwäizer Clown Grock huet eng Partie vu senger Jugend (1885-1891) zu Le Locle verbruecht.

Remove ads

Demographie

Entwécklung vun der Awunnerzuel:

Thumb
Le Locle am Joer 1907

Kuckeswäertes

  • Am Musée des Beaux-Arts, deen 1880 gegrënnt gouf, si Biller vu Schwäizer Moler vum 19. an 20. Joerhonnert ze gesinn, eng Sammlung vu Graphiken an eng Sammlung vu Konscht vun den Inuit.
  • Am Härenhaus Château des Monts, dat tëscht 1785 a 1790 gebaut gouf, ass de Musée d'Horlogerie du Locle ze gesinn, an deem net nëmmen Aueren ausgestallt sinn, mä och Automaten.
  • An den Hiele vum Col des Roches ass de Musée des moulins souterrains du Col des Roches ënnerbruecht.
Remove ads

Um Spaweck

Loading related searches...

Wikiwand - on

Seamless Wikipedia browsing. On steroids.

Remove ads