M81-Grupp
From Wikipedia, the free encyclopedia
Remove ads
D'M81-Grupp ass eng Galaxiëgrupp, déi an nächster Noperschaft vun der Lokaler Grupp steet. Zu der lokaler Grupp gehéiert nieft der Mëllechstrooss och d'Andromedagalaxie. Déi bekanntst Membere vun der M81-Grupp sinn déi zwou Galaxien M81, vun där sech den Numm ofleet, an de Messier 82. Zesumme gehéieren iwwer 60 Galaxien zu där Grupp, dovu siwe grouss Galaxien.

Remove ads
Entdeckungsgeschicht
Déi éischt Membere vun der M81-Grupp ware scho géint Enn vum 18. Joerhonnert bekannt. Déi zwou bekanntst Galaxië vun der Grupp, M81 an M82, goufen den 31. Dezember 1774 vum däitschen Astronom Johann Elert Bode entdeckt. Onofhängeg dovu goufe béid Galaxien am August 1779 vum Pierre Méchain fonnt, dee se an dem Charles Messier säi Katalog ophuele gelooss huet. All NGC-Objeten an der M81-Grupp goufen tëscht 1788 a 1801 vum Wilhelm Herschel fonnt a katalogiséiert.
Remove ads
Morphologie

D'M81-Grupp erstreckt sech iwwer d'Stärebiller Grousse Bier a Giraff an huet eng Wénkelausdehnung vu ronn 40° × 20°, dat ass ongeféier 1,8 × 0,9 Megaparsec oder 5,87 × 2,93 Millioune Liichtjoer.
D'Distanz vun eiser Sonn zum Zentrum vum Galaxiëkoup ass ongeféier 12 Millioune Liichtjoer. Domat ass d'M81-Grupp eiser lokaler Grupp den zweetnooste Galaxiëkoup. Eppes méi no leien Deeler vun der Sculptor-Grupp, e Galaxiëkoup deem säin Zentrum och ronn 12 Millioune Liichtjoer ewech läit.
D'M81-Grupp an d'lokal Grupp gehéiere mat e puer aner Galaxiëgruppen zum Virgo-Superkoup, deem säin Zentrum de Virgo-Galaxiëkoup ass. Op Grond vun de wéineger Routverrécklung vun den M81-Gruppememberen ass unzehuelen, datt sech d'M81-Grupp geneesou wéi d'lokal Grupp op den Zentrum vum Virgo-Galaxiëkoup zoubeweegt. Den Zentrum vum M81-Grupp maachen d'Galaxien M81, M82 an den NGC 3077 souwéi e puer aner Spiralgalaxien an irregulär Zwerggalaxien.
D'Mass vun der visueller Matière inklusiv vun der berechneter Mass vun der donkeler Matière ass (1,6 ± 0,3) • 1012 M☉ Sonnemassen.
Remove ads
Galaxien an der M81-Grupp
D'Tabell ass zesummegestallt aus den Date vum Atlas of the Universe an dem The M81 group of Galaxies: New distances, kinematics and structure (2002). D'Date fir den Typ, d'Koordinaten, Hellegkeet an de visuellen Duerchmiesser sinn aus der NASA/IPAC Extragalactic Database erausgeholl. D'Date kënnen an der NED Datebank mat de Bezeechnungen an der Kolonn Numm ofgeruff ginn (Ausser: KK=KK98, HS=HS98, FM=FM2000). D'Distanze stame vun den Aarbechte vum Karachentsev 2005 an 2002.
Remove ads
Kuckt och
- Struktur vum Kosmos
- Lëscht vun den hellste Galaxien
Um Spaweck
![]() |
Commons: M81-Gruppe – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- Sterne und Weltraum, Die M81-Gruppe
- Galaxiengruppe M81 in verschiedenen Aufnahmen
- SEDS Beschreiwung vun der M81-Grupp
- SEDS Messier-Galaxiëgruppen
- Atlas of the Universe
- Inventaire vun de bekanntsten Zwerggalaxien an der M81-Grupp
- Ursa Major A, M82 (Geschicht)
- The M81 group of galaxies: New distances, kinematics and structure (2002)
- The Local Group and Other Neighboring Galaxy Groups, Karachentsev 2005
- Nearby Groups of Galaxies
- M81-Gruppe in der NASA/IPAC EXTRAGALACTICAL DATABASE
Remove ads
Wikiwand - on
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Remove ads