Messier 81

Galaxie From Wikipedia, the free encyclopedia

Messier 81
Remove ads

De Messier 81 (och als NGC 3031 bekannt) ass eng +6,9 mag hell Spiralgalaxie vum Hubble-Typ Sb am Stärebild Ursa Major (Grousse Bier). Den M81 ass d'Galaxie um nërdlechen Himmel, déi eis no dem Andromedaniwwel an dem Dräiecksniwwel am gréissten an hellsten erschéngt. D'Zuel vun de Stären an deem System gëtt op 250 Milliarde geschat, wat am Verglach zu eiser Mëllechstrooss een e bësselche méi klenge Wäert ass. Den M81 gëtt heiansdo zu Éiere vun hirem Entdecker och Bode-Galaxie genannt, well si am Joer 1774 vum Johann Elert Bode entdeckt gouf.

op ee Bléck Stärebild, Positioun fir d'Equinoxe J2000.0 ...

Déi visuell Fläch vun M81 mécht mat 20' op 12' (de Mound huet e Wénkelduerchmiesser vu ronn 30') ongeféier dräi Prozent vun der Fläch vum Andromedaniwwel aus. Mat 12 Millioune Liichtjoer ass den M81 gutt véiermol sou wäit wéi déi Galaxie ewech a schéngt dofir méi kleng ze sinn. D'Distanz gouf am Kader vum H0 Key Project am Joer 1993 ganz genee bestëmmt an ass däitlech méi grouss wéi d'Wäerter vu ronn 7 Millioune Liichtjoer, déi een an der aler Literatur fënnt.

Vun der Äerd aus gesi mir schréi op d'Galaxie, déi relativ labber Spiraläerm huet, awer vill Stären an der Géigend vum Zentrum huet. An der Hubble-Sequenz ass den M81 vum Typ Sb.

Den M81 huet eng visuell Magnitude vu +6,90 mag. A senger Géigend ass déi e bëssche méi liichtschwaach Spiralgalaxie M82, déi nëmmen 150.000 Liichtjoer ewech ass. Dës zwou Galaxië bilden de Kär vun der M81-Galaxiëgrupp, déi eng echt physikalesch Grupp bilden, an zu den noosten Nopere vun eiser Lokaler Grupp zielen. Zu där Grupp gehéieren ënner anerem och den NGC 2403, NGC 3077 an den NGC 2976.

Remove ads

Kuckt och

Portal Astronomie

Um Spaweck

 Commons: Messier 81 – Biller, Videoen oder Audiodateien
Thumb
UV-Foto mam GALEX, am Wellelängteberäich 135–175 nm
Thumb
IR-Foto mam SST, bei 3,6 µm (blo), 8 µm (gréng) an 24 µm (rout)
Thumb
Am wäiten Infrarout, opgeholl mam Herschel-Weltraumteleskop.
Thumb
Amateurfoto vum M81 an M82.
Thumb
M81 an M82: de Kär vun der M81-Grupp.
Remove ads

Referenzen

Loading related searches...

Wikiwand - on

Seamless Wikipedia browsing. On steroids.

Remove ads