Messier 82

irregulär Spiralgalaxie am Stärebild Ursa Major From Wikipedia, the free encyclopedia

Messier 82
Remove ads

De Messier 82 (och als NGC 3034 bezeechent) ass eng irregulär Spiralgalaxie mat den Ofmiessungen 11,2' × 4,3' an der visueller Magnitude vu +8.60 mag am Stärebild Ursa Major. Laang Zäit gouf den M 82 dem irreguläre Galaxientyp bäigeschriwwen. Nei Ënnersich am Noen Infrarout weisen awer Spiraläerm. D'Galaxie kënnt domat dem morphologeschen Typ vun enger Balkespiralgalaxie (Sbc) méi no, d. h. d'Äerm kommen aus den Enner, an dësem Fall, net besonnesch laange Balken eraus.

Méi Informatiounen Date vum Messier 82 ...

An hirer Géigend ass déi hell Spiralgalaxie M 81, mat där si e physikalesch gebonnent Puer an de Kär vun der ronn 12 Millioune Liichtjoer wäiter M81-Galaxiëgrupp mécht. Duerch déi Wiessselwierkung mat M81 bei engem noe Laanschtfléie viru 500 Millioune Joer ass d'Galaxie M82 staark verännert ginn. An hirem bannenzege Beräich huet sech den Undeel, mat den neie Stären aus der interstellarer Matière staark erhéicht. (Starburst). Doduerch ass den M 82 eng vun den hellsten Infraroutgalaxien, an eng vun den hellste Galaxien am Radioberäich (Ursa Major A). Als Folleg vum Starburst entsteet duerch Supernovaexplosiounen eng turbulent Gasbeweegung, déi als Ausstréimung vertikal zum Galaxienniveau vun M 82 observéiert gëtt. Duerch hir Noperschaft an hir Hellegkeet ass den M 82 eng vun deene mat am Beschten ënnersichte Starburstgalaxien.

Den M 82 huet an engem vun senge Stärekéip eng ultrahell Röntgenquell, den M 82 X-1, méiglecherweis e mëttelschwéiert schwaarzt Lach mat enger Mass vun 200 bis 5000 Sonnemassen, dee vun engem iwwerschwéiere Stär ëmkreest gëtt.

Remove ads

Entdeckung

D'Galaxie Messier 82 gouf den 31. Dezember 1774 vum däitschen Astronom Johann Elert Bode entdeckt.

Aner Biller

Kuckt och

Portal Astronomie

Um Spaweck

 Commons: Messier 82 – Biller, Videoen oder Audiodateien
Loading related searches...

Wikiwand - on

Seamless Wikipedia browsing. On steroids.

Remove ads