Mandelbam

From Wikipedia, the free encyclopedia

Mandelbam
Remove ads

De Mandelbam (Prunus dulcis) ass en Uebstbam aus der Gattung Prunus an der Famill vun de Rosaceae.[1] D'Aart gouf 1768 vum brittesche Biolog Philip Miller fir d'éischt beschriwwen.[2]

Dëse Biologiesartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Dësen Artikel beschäftegt sech mat dem Uebstbam. Fir lymphateschen Organen, kuckt wgl. Mandelen (Anatomie).
op ee Bléck An anere Sproochen, Wëssenschaftlech Klassifikatioun ...

D'Mandelbeem kommen ursprénglech aus Zentral- a Südwestasien an Nordafrika.[3] 2007 hunn d'USA zirka 1.043.000 t Mandele produzéiert (déi 1. Plaz).[4]

Et ass e Lafholzbamm de seng Blieder am Wanter verléiert. D'Blieder sinn donkelgréng, 8 bis 12 cm laang, lanzettefërmeg gespëtzt, mat ganz klengen Zänn um Bord a se si liicht blénkeg. D'Bléie sti schosselfëmerg um blanken Aascht, a bilden eng Coupe vu bis zu 5 cm Duerchmiesser. Se kënnen eenzel sinn oder duebel a si rosa oder wäiss. D'Varitéit Roseplena huet nemmen duebel a rosa Bléien. D'Fruucht ass 4 – 6 cm laang, eefërmeg, mat enger samettgrénger Haut, mat bannendran enger iessbarer Mandel.

D'Mandel enthält vill Vitaminn E, Proteinnen, Lipiden, Mineraler (Kalzium, Eisen, Zénk, Magnesium, Phosphor a Kalium). Den Nierwäert vun 100 g läit bei 579 kcal.[5]

Remove ads

Kuckt och

  • Mandelueleg,
  • Mandelmëllech,
  • Marzipan,
  • Frangipane-Crème.
Thumb

Um Spaweck

 Commons: Mandel – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen

  1. Archive copy Archivéiert den 13.07.2015. Gekuckt den 21.06.2017.
  2. Archive copy Archivéiert den 02.01.2020. Gekuckt den 21.06.2017.
  3. Archive copy Archivéiert den 30.10.2017. Gekuckt den 21.06.2017.
Loading related searches...

Wikiwand - on

Seamless Wikipedia browsing. On steroids.

Remove ads