Manom
franséisch Gemeng From Wikipedia, the free encyclopedia
Remove ads
Manom (Munnowen oder Munnhuewen bei der eelerer Bevëlkerung), ass eng franséisch Uertschaft a Gemeng am Departement Moselle a Loutrengen.
An der Uertschaft, déi zum Arrondissement Thionville gehéiert an am Kanton Yutz läit, liewen 2.757 Awunner (Stand 2016). D'Awunner ginn "Manomois" genannt.
Remove ads
Geographie
Manom läit op der Musel déi d'Südgrenz vun der Gemeng mat den Nopeschuertschafte Jäiz a Basse-Ham mécht.
Nopeschuertschaften
Geschicht
Zanter der Steenzäit ass d'Géigend vu Manom bewunnt. Keltegriewer, déi 1946 um Flouer Keltestreeschen fonnt goufen, weisen op eng Besiddlung zu där Zäit hin. Den Numm Manom huet sech aus dem germaneschen Munn-owen entwéckelt, wat op e gewësse Munno, deen hei eppes ze soen hat, zeréckgeet. 1050 ass et fir d'éischt schrëftlech ernimmt ginn. Deemools war et nach keen Duerf, just e puer eenzel Häff, déi zu der Herrschaft Meilburg. 1160 ass et deelweis un d'Herschft Lagrange (oder Scura/Scheure) iwwergaangen, och d'Abtei St. Maximin vun Tréier hat do Lännereien. 1467 ass et Lehe vum Herzogtum Lëtzebuerg ginn. Zanter dem Traité vun de Pyrenäen gehéiert et zu Frankräich. Tëscht 1870 an 1919 wou et zum Däitsche Räich gehéiert huet, gouf et Monhofen genannt.
Manom ass mat Diddeleng jumeléiert.
Kuckeswäertes
Persounen an der Gemeng
- Réné-Auguste-Anatole de Bertier
- Jean de Bertier
- Sylvie de Bertier
Kuckt och
- Departement Moselle
- Arrondissementer am Departement Moselle
- Kantonen am Departement Moselle
- Lëscht vun de Gemengen am Departement Moselle
Um Spaweck
Wikiwand - on
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Remove ads