Marcel Thill

lëtzebuergesche Moler From Wikipedia, the free encyclopedia

Remove ads

De Marcel Thill, gebuer den 3. Mäerz 1925 zu Sandweiler, a gestuerwen de 26. Oktober 1975 zu Paräis[1], war e lëtzebuergesche Coiffeur, Moler a Keramiker.[2][3]

op ee Bléck Gebuer, Gestuerwen ...

De Marcel Thill war e Jong vum Théodore Thill, Schmadd op der Eisebunn, an der Hélène Delfel. Hien huet 1949 d'Renée Layle bestuet. Si haten e Coiffeursalon Chez Renée - Marcel op der Paräisser Plaz am Garer Quartier vun der Stad. 1970 ass de Salon an d'Al Avenue geplënnert, wou en ënnert dem Numm Salon de Coiffure Thill-Layle nees opgoung.

Als Autodidakt[4] huet den Thill gemoolt a Keramik gemaach. 1968 hat hie säin Debut mat enger Soloausstellung vu ronn 60, meeschtens abstrakte, Biller am Cercle municipal.[5] Hie war Member vum Cercle artistique de Luxembourg an huet bei den alljärleche Salonen ausgestallt. Beim Vernissage vu senger Ausstellung an der Galerie Louvigny (1971) krut hien eng Medail vun der Associatioun Le mérite et dévouement français an den Diplom "Midi chante" vun der Académie du Languedoc.[6] Dräi Joer méi spéit krut hien d'Gëlle Kräiz[onkloer].

Um Krankebett huet hien nach eng Ausstellung geplangt, déi 1977 als Retrospektiv an der Galerie Wierschem gehal gouf.[7]

De Marcel Thill ass am Alter vu 50 Joer zu Paräis gestuerwen. D'Duechter Marie-Pierre Trauden-Thill ass sengem artistesche Virbild gefollegt.

Remove ads

Kuckt och

Referenzen an Notten

  1. Jos Welter, red. (1993) Rétrospective : Cent ans d'art luxembourgeois 1893-1993. Lëtzebuerg: Cercle artistique de Luxembourg / Crauthem: Lux-Print. ISBN 2-919970-24-0.
  2. "Marcel Thill", Lëtzebuerger Konschtlexikon, MNAHA.
  3. Lambert Herr (1992) Anthologie des arts au Luxembourg. Luxembourg: Éditions Emile Borschette. ISBN 2-87982-034-0. S. 336.
  4. Jos. Walentiny, "Cercle Municipal", Luxemburger Wort, 29. November 1968.
  5. "Vernissage Marcel Thill à la Galerie Louvigny", Luxemburger Wort, 6. November 1971.
Remove ads
Loading related searches...

Wikiwand - on

Seamless Wikipedia browsing. On steroids.

Remove ads