Rudolf Forster

éisträichesche Schauspiller From Wikipedia, the free encyclopedia

Rudolf Forster
Remove ads

De Rudolf Forster, gebuer als Rudolf Heribert Anton Forster den 30. Oktober 1884 zu Gröbming (Steiermark), a gestuerwen de 25. Oktober 1968 zu Bad Aussee an der Steiermark, war en éisträichesche Schauspiller.

Séier Fakten Gebuer, Gestuerwen ...

De Rudolf Forster war vun 1913 un am Theater a vun 1914 un am Kino ze gesinn. Vun 1920 bis 1932 war hie Member vum Schauspielhaus Berlin.Bekannt Filmer aus der Stommfilmzäit vun him sinn Erdgeist vum Leopold Jessner an Die Hose vum Hans Behrendt.

De Rudolf Forsters huet säin éischten Tounfilm Die Dreigroschenoper ënner der Regie vum G. W. Pabst am Joer 1931 gedréint.

A senger Carrière beim Film huet de Rudolf Forster mat bedeitende Filmregisseure wéi Georg Wilhelm Pabst, Helmut Käutner an Otto Preminger geschafft. Donieft huet hien a senge Filmer mat berüümte Schauspiller wéi Conrad Veidt, Asta Nielsen, Romy Schneider, Curd Jürgens, Hans Albers an Hardy Krüger zesumme gespillt.


Remove ads

Filmer

Kino

Stommfilmer (Auswiel)

  • 1914: Lepain, der König der Unschuldigen - 1. Teil, vum Louis Ralph
  • 1914: Lepain, der Kampf mit dem Meisterdetektiv John Hawks - 2. Teil, vum Louis Ralph
  • 1919: Anna Karenina, vum Frederic Zelnik
  • 1920: Glanz und Elend der Kurtisanen, vum Louis Ralph a Conrad Wiene
  • 1920: Kurfürstendamm, vum Richard Oswald mam Conrad Veidt an Asta Nielsen
  • 1920: Die Erlebnisse der berühmten Tänzerin Fanny Elßler, vum Frederic Zelnik
  • 1920: Manolescus Memoiren, vum Richard Oswald mam Conrad Veidt
  • 1920: Der Schädel der Pharaonentöchter, vum Otz Tollen mam Emil Jannings
  • 1921: Die Amazone, vum Richard Löwenbein
  • 1921: Das Geheimnis der Santa Maria, vum Lothar Mendes
  • 1921: Die Jagd nach der Wahrheit, vum Karl Grune mam Fritz Kortner
  • 1921: Der ewige Fluch, vum Fritz Wendhausen
  • 1922: Die Schuhe einer schönen Frau, vum Emmerich Hanus
  • 1922: Am Rande der Großstadt, vum Hanns Kobe
  • 1922: Erdgeist, vum Leopold Jessner mam Asta Nielsen
  • 1922: Lydia Sanin, vum Frederic Zelnik
  • 1923: Tragödie der Liebe, vum Joe May
  • 1923: Fröken Fob, vum Elis Ellis
  • 1923: S.O.S. Die Insel der Tränen, vum Lothar Mendes
  • 1924: Zur Chronik von Grieshuus, vum Arthur von Gerlach
  • 1924: Horrido, vum Johannes Meyer
  • 1926: Sein großer Fall, vum Fritz Wendhausen
  • 1927: Pique Dame, vum Aleksandr Razumnyj mam Jenny Jugo
  • 1927: Die Hose, vum Hans Behrendt mam Werner Krauss a Jenny Jugo

Tounfilmer

vun 1930 bis 1939

vun 1940 bis 1949

  • 1942: Wien 1910, vum E.W. Emo mam Heinrich George a Lil Dagover
  • 1943: Der gebieterische Ruf, vum Gustav Ucicky mam Maria Holst a Paul Hubschmid
  • 1944: Ein Blick zurück, vum Gerhard Menzel mam Gustav Diessl an Hilde Weissner
  • 1944: Fahrt ins Glück, vum Erich Engel mam Hildegard Knef

vun 1950 bis 1959

vun 1960 bis 1969

Remove ads

Um Spaweck

Loading related searches...

Wikiwand - on

Seamless Wikipedia browsing. On steroids.

Remove ads