Mathias Hardt

From Wikipedia, the free encyclopedia

Mathias Hardt
Remove ads

De Mathias Hardt, gebuer de 4. Juni 1809 zu Iechternach, a gestuerwen de 17. Januar 1877 an der Stad Lëtzebuerg, war Iechternacher Conrektor a Regierungsarchivar zu Lëtzebuerg. Hie gëllt als Pionéier vun der Lëtzebuergescher Sproochfuerschung.

Dëse Sproochen- a Linguistikartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
op ee Bléck Gebuer, Gestuerwen ...
Remove ads

Liewen

De Mathias Hardt war de Jong vun engem Iechternacher Schlässer. Hie gouf Professer am Kolléisch a gëtt zu den éischte Sozialisten zu Lëtzebuerg gezielt. 1848 gouf hie Redakter an der éischter sozialistescher Zeitung zu Lëtzebuerg, Der Grenzbote. Hie gouf am selwechte Joer an d'Assemblée constituante gewielt a blouf bis 1858 Deputéierten.

Seng sozialistesch Haltung gouf mat der Zäit méi konservativ; 1858 huet hie fir d'Zeitung La Revue geschriwwen, déi dech fir de Staatsstreech vun 1856 staark gemaach huet.[1]

Remove ads

Wierk

Duerch säi "Vocalismus der Sauermundart"[2] gëllt hien als Grënner vun der lëtzebuergescher Philologie. Hien deelt Lëtzebuerg a véier Sproocheregiounen an:

  • ëstlech Variantë laanscht Our, Sauer a Musel;
  • nërdlech Éisleker Mondaart;
  • westlech Dialekter;
  • südlech Varianten am Industriegebitt (Minett).

Dës Andeelung gëllt bis de Robert Bruch se weider ausféiert.[Quell?]

Publikatiounen (Auswiel, chronologesch)

  • Hardt, Mathias & Nicolas Theis, 1837. Précis de grammaire allemande en XI tableaux. Bruxelles: Chez J. A. Mayer et Somerhausen.
  • Hardt, Mathias & Nicolas Theis, 1839. Thuiscon: ou Cours de langue allemande, (procédant du plus simple au plus difficile. 1ère partie: Recueil de 800 exemples, servant d'explication aux règles de la grammaire [et] 2e partie: Choix de morceaux de lLittérature allemande en prose et en Vers. 2è éd. Bruxelles: J.-B. Tircher, Libraire-Editeur. 363 p.
  • Hardt, Mathias, 1843a. Rede des Conrektors Hardt gehalten am Progymnasium zu Echternach, de 24. August, beim Schluße des Schuljahres 1842-1843. Diekirch: J. A. Schröll. 49 p.
  • Hardt, Mathias, 1843b. Vocalismus der Sauer-Mundart. pp. 1–29 in: Programm, herausgegeben beim Schlusze des Schuljahres 1842-43 / Königlich-Grossherzogliches Progymnasium zu Echternach. Trier: Buchdruckerei Fr. Lintz.
  • Hardt, Mathias, 1859. Une énigme paléographique résolue. Bulletin du bibliophile belge, nouv. série, t. VI, p. 185-186. Bruxelles.
  • Hardt, Mathias, 1868. Luxemburger Weisthümer: als Nachlese zu Jacob Grimm's Weisthümern. 4. Lieferung. Luxemburg: V. Bück. 496 S.
  • Hardt, Mathias, 1870. Luxemburger Weisthümer: als Nachlese zu Jacob Grimm's Weisthümern. Luxemburg: V. Bück. LXIII, 795 p.
  • Würth-Paquet, Michel, Wies, B. Weber, M. Hardt, 1862. Aufruf des Luxemburger Hülfsverein zur Herstellung der Basilika in Echternach. Statuten des Luxemburger Hülfsvereins zur Herstellung der Willibrordus-Basillika in Echternach. Luxemburg: V. Bück. 8 p. [Tiré à part du Luxemburger Wort, 1862, Nr. 141]

Nom Mathias Hardt genannt

Literatur

  • Grégoire, Pierre, 1966. Pädagogen-Profile: Beiträge zur luxemburgischen Literatur- und Kulturgeschichte. Pflichtbücher / de Frëndëskrees, Bd. 26. 594 p. Sankt-Paulus-Dr., Luxemburg.
  • Hess, Joseph, 1939. Der Anteil der Professoren an der Luxemburger Volkskunde. pp. 228–231 in: Un siècle de vie intellectuelle 1839-1939: nouvelles pages d'histoire nationale. Luxembourg.
  • Lech, Pierre, 1998. Mathias Hardt (1809 - 1877): Professor, Publizist und Politiker. récré 14: 101-153. Diekirch.
Remove ads

Referenzen an Notten

  1. Cf. Hardt 1843b am Kapitel Publikatiounen.
Loading related searches...

Wikiwand - on

Seamless Wikipedia browsing. On steroids.

Remove ads