Metting
franséisch Gemeng am Departement Moselle From Wikipedia, the free encyclopedia
Remove ads
Metting ass eng franséisch Gemeng am Museldepartement an der Regioun Grand Est.
Si gehéiert zur Communauté de Communes du Pays de Phalsbourg a läit am westlechen Deel vun de Vogesen.[1]
Remove ads
Numm
Den Numm huet germanesch Wuerzelen a kënnt vun enger Persoun, déi Matto geheescht huet. Do ass dann -ingen oder -ing dru gehaange ginn. Déi zwou Alternativen hu sech ofgewiesselt: sou gëtt d'Uertschaft an Dokumenter 1791 an tëscht 1871 an 1918 Mettingen genannt, an 1793 just als Metting bezeechent.
Op Franséisch ginn d'Awunner Mettingeois a Mettingeoises genannt.[1]
Bevëlkerung
Zënter 1793 gëtt an der Gemeng reegelméisseg d'Bevëlkerung gezielt. 2016 hunn zu Metting 385 Leit gewunnt. Dat waren der 6,94% méi wéi 2011.
- D'Entwécklung vun der Bevëlkerung tëscht 1962 an 2008
Geographie
Zu Metting gëtt et eng Baach déi einfach Ruisseau de Metting genannt gëtt an den Haaptwaasserlaf an der Gemeng ass.[1]
Am Schnëtt läit Metting op enger Héicht vun 260 Meter.[1]
Biller
- De jiddesche Kierfecht vu Metting
- D'protestantesch Kierch
- D'kathoulesch Kierch
Kuckt och
- Departement Moselle
- Arrondissementer am Departement Moselle
- Kantonen am Departement Moselle
- Lëscht vun de Gemengen am Departement Moselle
Referenzen
- paysdephalsbourg.fr: Presentatioun vu Metting um Site vun der Communauté de Communes du Pays de Phalsbourg (gekuckt de 15. Februar 2019
Wikiwand - on
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Remove ads