Messier 33
Spiralgalaxie am Stärebild Triangulum From Wikipedia, the free encyclopedia
Remove ads
De Messier 33 (och Dräieckniwwel, Triangulumniwwel) oder NGC 598 bezeechent ass eng Spiralgalaxie mat de Moosse 70' × 40' an der Visueller Magnitude vu +5,70 mag am Stärebild Triangulum. Den Dräiecksniwwel ass no dem Andromedaniwwel an der Mëllechstrooss dat drëttgréissten Objet an der Lokaler Grupp an déi eenzeg weider echt Spiralgalaxie nieft dësen zwou. D'Distanz zum Dräiecksniwwel ass ronn 3 Millioune Liichtjoer. D'Mass vun dëser Spiralgalaxie huet ronn 10% vun der Mëllechstroossemass, entspriechend 30 Milliarde Sonnemassen.
Wéinst senger klenger Flächenhellegkeet ass den Dräiecksniwwel besonnesch bei méi staarke Vergréisserunge mam Teleskop schwéier ze fannen.
D'Galaxie enthält dräi Gasniwwelen, NGC 592, NGC 595 an déi riseg Stäregebuertsplaz NGC 604. Weider sinn e puer Kugelstärekéip, vun deenen e puer der seelener Objetklass bloe Kugelstärekoup gehéieren. Méiglecherweis huet si och eng Satellittegalaxie, an zwar d'LGS 3.
Remove ads
Kuckt och
Um Spaweck
| Commons: Triangulum Galaxy – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Wikiwand - on
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Remove ads

